"D’Fräiheete sinn de Prinzip, mä et muss ee prett si fir den Hierscht"
E Méindeg de Moie war d'Gesondheetsministesch eis Invitée vun der Redaktioun.
Och mam 3G bleift Drock bestoe fir sech impfen ze loossen. Esou huet d’Gesondheetsministesch e Méindeg de Moien hei op RTL d’Propositioune vun der Regierung verdeedegt, fir an enger Rei Beräicher de CovidCheck vum 2G+ op den 3G, respektiv den 3G+ zeréckzefueren. Zertifiéiert negativ Tester ginn also nees acceptéiert, mä fir d’Paulette Lenert wier dat kee Retour zur Normalitéit a géing den Ureiz fir sech impfen ze loossen an hiren Aen net reduzéieren.
«Ech erënneren drun, datt et dat ass, wat vill Leit awer op d’Strooss gedriwwen huet», sou d’Ministesch. Si huet nach emol deklaréiert, datt d’Impfung géing géint schwéier Verleef schützen. Et wier och ebe grad, well vill Leit antëscht geimpft sinn a well sech erausgestallt huet, datt trotz méi Infektioune wéinst Omikron d’Hospitalisatioune relativ stabel bliwwe sinn, datt d’Regierung elo d’Mesurë méi labber mécht.
D’Paulette Lenert huet och zouginn, datt trotz de mi schaarfe Mesuren, déi elo nach gëlle bis dat neit Gesetz gestëmmt ass, d’Impfunge liicht réckleefeg waren. Et kéim een an der Campagne an déi «Paragen» vu Leit, déi wierklech retizent si fir sech impfen ze loossen. Op d’Fro, ob d’Regierung net de Moment verpasst hätt, fir eben dowéinst eng Impfflicht anzeféieren, sot d’LSAP Politikerin: «fir mech ass et ganz kloer no zwee Joer an et weess een, datt en Hierscht kënnt, wou nach eng Kéier e Risiko ass, datt een dës lescht Kugel muss huelen, fir deen Impftaux eropzekréien». D’Regierung géing an enger «preventiver Optik» den Text fir den Hierscht preparéieren. Den Text wier awer scho virdru prett, sou d’Paulette Lenert fir «justement, fir datt dee Retroplanning kann opgoen».
Iwwerdeems d’Paulette Lenert e Freideg gehofft huet 2022 géing d’Joer vun der Sortie de Crise ginn, sot se e Méindeg de Moien, se hätt «net méi Informatiounen ewéi Dir». Allen Experten no géing et nach "vill Inconnuen" ginn a si géing dovunner ausgoen, datt ee sech misst op eppes preparéieren. D’Diskussioun iwwert d’Impfung wier vun dohier guer net ofgeschloss, quitte datt de Krisemodus lues a lues kéint erofgefuer ginn: «mä och dat ass näischt Neits: mir hunn ëmmer d’Attitüd gehat, zu all Moment nëmmen e Minimum u Restriktiounen oprecht z’erhalen». D’Fräiheete wieren de Prinzip, sou d’Paulette Lenert.
D’Gesondheetsministesch huet dann och hei op der Antenn präziséiert, datt beim 3G just zertifiéiert Tester ugeholl ginn a keng Schnelltester, déi ee selwer mécht. D’Durée vun der Validitéit bleift och déi selwecht, also 48 Stonnen fir PCR a 24 fir Schnelltester. Den 3G gëtt och an all de Beräicher nees d’Reegel, also net just am Horeca, mä och bei Kultur a Sport. Ausser an de Spideeler an an den Alters- a Fleegeheemer, do gëtt nach zousätzlech zum 3G e Schnelltest op der Plaz gefuerdert. Op d’Remark, datt Leit kënne mat onkontrolléierte Schnelltester 2 Deeg hannerteneen aus der Isolatioun eraus, huet d’Paulette Lenert geäntwert, si géing dovunner ausgoen, datt d’Leit net mat hirer Gesondheet spillen. Ëmmerhi géing d’Santé och vill positiv Tester vun de Leit deklaréiert kréien.
Hätt een zertifiéiert Tester als Viraussetzung decidéiert, fir Leit aus der Isolatioun erauszeloossen, sou wier dat logistesch net opgaangen, sou d’Ministesch nom Interview.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.