En Dënschdeg de Moie war de Generaldirekter vun der Gesondheetsmutuelle CMCM eisen Invité vun der Redaktioun.

Mir si kloer fir eng generell Impfflicht a verstinn net, firwat dat just op verschidde Beräicher (Gesondheetssekteur a vu 50 Joer un) soll limitéiert sinn.

Dat sot de Generaldirekter vun der Gesondheetsmutuelle CMCM, de Fabio Secci en Dënschdeg de Moien. Hie war eisen Invité vun der Redaktioun.

D'CMCM huet ronn 280.000 Memberen an ass ee vun de groussen Acteuren am Lëtzebuerger Gesondheetswiesen.

Bis ewell hätte sech d'Leit jo och net u Vaccin-Niewewierkungen gestéiert, fir an exotesch Länner ze reesen. Et wier schued, datt et hei net méi Vertrauen an d'Wëssenschaft gëtt. Et wier wëssenschaftlech bewisen, datt d'Impfung eis zeréck a Richtung Normalitéit géif féieren.

Jo, den Omikron wier manner schlëmm. Mä all Covid-Doudege wier een ze vill. A mat all Ustiechung géif de Virus weider zirkuléieren – a mutéieren. Den Impfwee misst also privilegéiert ginn.

De Fabio Secci versteet och net, datt d'Patientevertriedung géint eng Impfflicht ass. Momentan léich een net op enger Linn. D’Land bräicht méi eng neutral Patientevertriedung, wou net automatesch all Gewerkschaftsmember Member wier. D’Patientevertriedung géif och ëmmer méi e Kampf géint Doktere féieren.

D’CMCM an de Fabio Secci sinn och géint eng 2-Klasse-Medezin. IRMen an Doktesch-Praxisse misst een erlaben. Mä et bräicht een awer en Tarif vun der CNS, fir datt jiddereen d’selwecht rembourséiert gëtt an net just «Privat-Patienten» sech deen IRM leeschte kéinten a méi séier bäikommen.

Invité vun der Redaktioun: Fabio Secci

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.