Internet am jonken Alter - Chance notzen a Risiken erkennen
En Donneschdeg de Moie war d'Coordinatrice vu Bee Secure beim SNJ eis Invitée vun der Redaktioun.
Déi jonk Generatioun ass mat der digitaler Welt opgewuess. Et wier wichteg, d’Notzung vum Internet net ze verdäiwelen, mä d’Chancen ze erkennen an op d’Risiken opmierksam ze maachen, esou d’Debora Plein, Coordinatrice vu BEE SECURE beim Service National de la Jeunesse. Si war en Donneschdeg de Moien eis Invitée vun der Redaktioun.
BEE SECURE wëll e verantwortungsbewossten Ëmgang mam Internet promouvéieren. Fir erauszefannen wéi Kanner a Jonker d'Technologie notzen, huet den SNJ dës Woch deen alleréischten Rapport mam Numm "Bee Secure Radar" iwwert déi aktuell Trends vun der Internetnotzung bei Kanner a Jonker publizéiert.
Falsch Informatiounen, Inhalter, déi mat Gewalt an Haass ze dinn hunn, an de Cybermobbing hunn déi Jonk als déi heefegsten Geforen am Internet genannt. Befrot goufe Jonker vun 17 bis 30 Joer. Freet een d’Elteren, wat si fir hir Kanner als gréisste Risiko aschätzen, nennen si déi vill Zäit, déi virum Bildschierm verbruecht gëtt. Dass Kanner an Erwuessener en anere Bléck op d’Internet-Notzung hunn, ass bei BEE SECURE scho méi laang festgestallt ginn.
Zum Deel wier dat, well Kanner a Jonker méi Wäert op den Inhalt leen an Elteren souzesoe vu bausse just matkréien, dass d’Kand Zäit virum Bildschierm verbréngt a net onbedéngt weess, wat et mécht. Privatsphäre wier och an der digitaler Welt wichteg, awer och, dass Vertrauen do ass an d’Kanner wëssen, u wie si sech kënne wenden, wa si am Internet op Problemer stoussen. Dofir gëtt et zum Beispill och d’BEE SECURE Helpline, wou een uruffe kann.
An der Grondschoul hunn ëmmer méi Kanner en Handy, och dat huet d’Ëmfro gewisen. Vun 12, 13 Joer un huet bal all Jonken e Smartphone, esou d’Debora Plein, d’Coordinatrice vu Bee Secure beim SNJ.
TikTok, Snapshat a Youtube sinn am beléiftste bei deene Jonke selwer, d’Elteren hunn dacks TikTok net um Radar. Dës Applikatiounen bidden och Chancen a Méiglechkeete fir déi Jonk, wa se dann responsabel genotzt ginn. Dacks gëtt et och eng Altersbeschränkung, 13 Joer muss een op d'mannst hunn, fir en Account op TikTok, Snapchat oder Instagram kënnen ze maachen. Dacks kéint een dat awer guer net verhënneren, dass Kanner scho méi fréi eng gewëssen App wëllen notzen. Do spillt och d’Virbildfunktioun vun den Elteren eng wichteg Roll. Kanner wëllen nämlech och Deel sinn an déi digital Welt gehéiert fir déi meeschten Elteren och einfach dozou.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.