E Freideg de Moie war de Sekretär vun der Entente vun den Offices sociaux eisen Invité vun der Redaktioun.

Et wäert net méi laang daueren, bis d'Energiekris och bei eise Clienten ukënnt, dat sot e Freideg de Moien de Sekretär vun der Entente vun den Offices sociaux, de Jean-Paul Reuter. D'Politik dierft dowéinst keng Zäit méi verléieren, fir dem Kafkraaftverloscht entgéint ze wierken. Den Ament wier den Impakt vun den héijen Energiepräisser nach net direkt ze spieren. Wann net iergendeppes Konkretes kéim, géifen d'Offices sociaux awer geschwë riskéieren iwwerrannt ze gi mat Leit, déi froen, fir hir Gas- an Elektreschrechnungen iwwerholl ze kréien.

Eisen Invité vun der Redaktioun huet betount, d'Politik misst am beschte präventiv, am Virfeld ze handelen. Amplaz déi Betraffe bei d'Sozialamt ze drainéieren, wier et besser, derfir ze suergen, datt d'Leit guer net mussen op d'Hëllef vum Sozialamt zréckgräifen. Duerfir wier d'Politik gefuerdert. D'Präisdeierecht wäert dem Jean-Paul Reuter no wuel och net sou séier zréckgoen, d'Präisser vun Energie, Liewensmëttel an anere Produite weider héich bleiwen an dat géif dozou féieren, datt d'Leit um Enn vum Mount ëmmer manner am Portmonni hunn.

Eng Méiglechkeet wier de Leit am Virfeld eng Primm ze ginn, sou de Sekretär vun der Entente vun den Offices sociaux.

D’Propositioun vun der LSAP, fir en Energie-Scheck vun op d’mannst 100 Euro fir all Stot, jugéiert de Jean-Paul Reuter awer als Drëps op de waarme Steen. Mat 100 Euro géif een op alle Fall net wäit kommen. Iwwer eng zousätzlech Adaptatioun vun der Allocation de vie chère kéint een nodenken. Déi war an der Pandemie schonn emol verduebelt ginn.

Dat, wat zielt, wier, datt d'Sue bei de Leit ukommen, fir datt se hir Rechnunge kënne bezuelen.

Gefaangen an der Hausse vun den Energiepräisser

De Jean-Paul Reuter huet och erkläert, datt vill vun de Betraffenen dacks a prekäre Verhältnisser liewen, a Wunnengen, déi schlecht isoléiert sinn an hinnen net gehéieren. An de Proprietäre wier och net onbedéngt dru geleeën, déi Locatiounswunnengen ze sanéieren, well si d'Käschte jo einfach weider kënne ginn. D'Locatairë wieren doduerch an enger Zwéckmillchen, gefaangen an der Hausse vun den Energiepräisser.

Den Haaptproblem sinn a bleiwen awer d'Logementskäschten

D'Tendenz géif éischter dohinner goen, datt d'Loyeren nach méi héich ginn. Leit, déi 40 Stonne schaffe ginn, sech eng Wunneng awer net leeschte kënnen, hätten näischt falsch gemaach. Hinne misst dréngend gehollef ginn. Virun allem, wann elo nach deier Rechnungen derbäi kommen. De Jean-Paul Reuter huet an deem  Kontext och kritiséiert, datt Persounen no hirer Demande fir eng Loyersubventioun alt ee Joer misste waarden, ier se eng Äntwert kréien. Et kéint een net Hëllefen ukënnegen an dann net duerfir suergen, datt se bei de Leit ukommen.

Um Terrain feelt et eisem Invité vun der Redaktioun no dréngend un zousätzleche Sozialaarbechter. Et géifen der bei Wäitem net genuch forméiert ginn. Een, deen dat studéiert huet, wäert sécher muer eng Plaz kréien.

Invité vun der Redaktioun: Jean-Paul Reuter

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.