Obligatoreschen 3G op der Aarbecht huet Erwaardungen net erfëllt
Den LCGB-President war e Méindeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.
Den obligatoreschen 3G op der Aarbecht huet net dat bruecht, wat sech erwaart gi war, nämlech datt d'Leit sech impfe loossen. Dat seet den LCGB-President Patrick Dury. Den Invité vun der Redaktioun schwätzt vun engem klenge Resultat, fir dee groussen Opwand, deen den obligatoreschen 3G war.
Déi Léisung déi elo do wier, wier besser.
D'Delegatiounen an de Betriber hätten elo e Matsproocherecht iwwert den 3G op der Aarbecht. Do wier Ugangs des Mounts e Kompromëss mat der Regierung ausgehandelt ginn. Dat steet an engem Accord tëscht de Sozialpartner an der Regierung, dee leschte Freideg ënnerschriwwe gouf.
Dat sollt eigentlech och sou am Gesetz stoen, mä do goufen et juristesch Problemer, wéinst eventuellen Ongläichheeten tëscht dem privaten an ëffentleche Secteur.
Déi geplangte partiell a sektoriell Impfflicht wier dem LCGB no verhältnisméisseg a géif dobäi hëllefen dës Kris z'iwwerwannen.
Wéinst den Omikron-Zuele wier et an der Lescht heiansdo schwiereg gewiescht an de Betriber, wéinst dem héijen Absenteismus. Elo géing et awer besser goen.
D'Kafkraaft vun de Leit wier den Ament belaascht, d'Inflatioun wier erop gaangen an d'Pëtrolspräisser wiere ganz héich.
Do misst een onbedéngt mat den Accise spillen, fënnt den LCGB. D'Reaktioun vun der Regierung op déi Fuerderung wier awer net ganz seriö.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.