"No man's land" fir Jonker tëscht 18 a 25 Joer op der Strooss
Um Dënschdeg am Moie war de Generaldirekter vun der Caritas eisen Invité vun der Redaktioun.
D'Caritas geet dovun aus, dass aktuell e puer Honnert Mënschen hei am Land op der Strooss liewen. Fiabel Zuele géifen et awer keng, bedauert de Generaldirekter vun der Caritas Marc Crochet en Dënschdeg de Moien am RTL-Interview. An dat obschonn d'Regierung scho jorelaang géif verspriechen, déi Zuelen ze liwweren. Als Indice nennt de Marc Crochet d'Wanteraktioun, wou Sans-Abrien am Wanter kënne schlofen. Vun där Offer hätten eleng lescht Joer méi wéi 800 Leit profitéiert.
„No man‘s land“ fir Jonker tëscht 18 a 25 Joer op der Strooss
An de leschten Joren huet d‘Caritas festgestallt, dass virun allem Jonker tëscht 18 a 25 Joer engem groussen Risiko ausgesat sinn, fir op der Strooss an an der Prekaritéit ze landen. Well ee keng fiabel Zuelen hätt, kéint een awer just vun Tendenze schwätzen, erkläert den Invité. Vill Hëllefen a Servicer, déi et den Ament hei am Land ginn, wieren dann och net un déi jonk Leit ugepasst. Et wier een „no man‘s land“ fir Jonker tëscht 18 a 25, well ënner 18 Joer kritt een Hëllef fir Mannerjäreger an de REVIS spillt awer eréischt fir Leit vu 25 Joer un. Do misst een den Hiewel usetzen an dofir d‘Alterslimitt fir de REVIS ënnert gewësse Konditiounen erofsetzen, proposéiert d'Caritas.
Strukturen a Service net fir Jonker ugepasst
Zueleméisseg géingen d'Plazen an de Strukturen duergoen, mä vill Servicer wieren einfach net fir Jugendlecher ugepasst. Wann ee jonk Leit mat Leit mëscht, déi schonn e Liewe laang op der Strooss sinn, kéint dat offierwen, gëtt den Direkter vun der Caritas ze bedenken. Fir eng Wunneng ze kréien huet een zum Beispill fir d'éischt mol mussen eng Therapie maachen. An de leschten Joren hätt d'Caritas hir Hëllefen awer ugepasst. D'Approche wier elo notamment, dass Jonker virun allem mol eng Wunneng sollen kréien déi un keng Konditiounen gebonnen sinn. An da géing ee viru kucken. Dat misst och hei am Land konsequent ëmgesat ginn. Leit op der Strooss hätte ganz dacks och psychesch Problemer. An et géing wéi iwwerall un Therapieplazen, ma virun allem um néidege Personal feelen.
Ma allgemeng dierft et an engem Land wéi Lëtzebuerg keng Leit ginn, déi mussen op der Strooss liewen, esou de Marc Crochet weider. Et géing ëmmer Leit ginn, déi wéilten op der Strooss liewen, mä vill anerer hätte keen Choix. Aner Länner wéi zum Beispill Finnland hätten zum Beispill Modeller, wou als alleréischt e Logement fir d'Leit fonnt gëtt. An domat hätte vill Urgence-Strukturen kënnen ofgebaut ginn.
E weidere Sujet waren déi héich Energiepräisser an d'Problemer déi doduerch fir akommesschwaach Stéit entstinn. Fir d'Caritas wier et wichteg, dass d'Mesurë cibléiert wieren an och un déi Leit géinge goen déi se wierklech bräichten. Fir einfach all Stot 100€ bäizeginn, domadder wier kengem gehollef. Donieft war et d'Propose vum Generaldirekter vun der Caritas fir d'Allocation de vie chère eropzesetzen, ma domadder kéint ee just d'Inflatioun opfänken, awer net Phenomener déi zum Beispill duerch eng Ukrain-Krise mat méi héich Gaspräisser entstinn. Et kéint een sech awer och virstelle fir kuerzfristeg d'TVA erofzesetzen, sou de Marc Crochet.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.