De sozialen a solidaresche Wirtschaftssecteur gëtt ëmmer méi wichteg
En Donneschdeg de Moie war de President vun der Union Luxembourgeoise d’économie sociale et solidaire eisen Invité vun der Redaktioun.
Wat fält ënnert de sozialen a solidaresche Wirtschaftssecteur? Dat sinn am Prinzip Entreprisen oder Associatiounen, déi hire Profit notzen, fir zum Beispill am soziale Beräich eng Plus-value ze schafen. Dat kann zum Beispill sinn, fir Leit eng Méiglechkeet vun Aarbecht a Beschäftegung ze ginn, wéi bei de Centres d‘initiative CIGL a CIGR op kommunalem a regionalem Niveau. Oder et sinn Entreprisen, déi am Beräich vun der Kreeslafwirtschaft aktiv sinn, fir d‘Ressourcen ze schounen, esou de President vun der ULESS, der Union Luxembourgeoise d’économie sociale et solidaire. De Raoul Schaaf war en Donneschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. Donieft falen dann och Entreprisen drënner wéi d‘Arcus oder d‘Aphem, Coopérations vu Wolz oder och nach den Elysis um Kierchbierg.
Am Ganze sinn eng 54 Memberen, Asblen, Fondatiounen oder SISen (Société d‘impact social) an der ULESS aktiv. Dat wiere graff gerechent ronn 20.000 Leit, déi am Beräich vun der Economie sociale et solidaire schaffen, sou de Raoul Schaaf. De Rôle vun der ULESS ass et, fir nieft der Representatioun no bausse virun allem de legale Kader mat ze definéieren a wéi een déi verschidde Gesetzgebungen, engersäits vun den ASBLen an anerersäits vun de SISen, gutt matenee ka verbannen.
Pandemie hat e groussen Impakt
Am Beräich vun der sozialer a solidarescher Ekonomie wier den Impakt vun der Pandemie leider relativ grouss, well hei vill Leit géife schaffen, fir déi d‘Aarbecht dacks en Element ass, dat Stabilitéit an den Alldag bréngt. Doduerch géinge vill Leit "verluer goen" an "ofrutschen", déi souwisou scho méi isoléiert sinn a manner sozial Kontakter hunn, ebe well keng Begleedung méi gemaach gëtt, bedauert de Raoul Schaaf.
Keng deloyal Konkurrenz, mee komplementar Offeren
Den Invité huet sech dann och géint de Reproche gewiert, dës Entreprisë wieren eng deloyal Konkurrenz fir klassesch Betriber. Et misst een dat vill méi nuancéiert gesinn. Schliisslech géif et kee Präis-Dumping ginn, well déi Firme souwisou an der Reegel an Nischen aktiv sinn, wou se hei am Land souwisou kaum Konkurrenz hunn.
De groussen Deel vun deene Betriber wären och als Sàrl, als Société coopérative oder a soss enger Gesellschaftsform konsitutéiert a géingen dann och dat bezuelen, wat aner Entreprisë bezuelen. Deementspriechend géing de President vun der ULESS dës Offer als komplementar gesinn an donieft géing een domadder och Leit ausbilden, déi duerno am Idealfall nees um éischten Aarbechtsmaart kéinten integréiert ginn. Et wier een also Fournisseur vu gutt qualifizéierte Leit fir kommerziell Entreprisen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.