En Dënschdeg de Moie war den Direkter vum LNS eisen Invité vun der Redaktioun.

De Staatslabo huet an de leschte Jore grouss Progrèse bei der Pathologie, also bei de Kriibsdiagnose gemaach. 2016 huet nach bal d'Hallschent vun de Prouwen an d'Ausland misse geschéckt ginn. Ee Joer drop an och haut keng méi. Dat sot de Professer Dr. Friedrich Mühlschlegel den Dënschdeg de Moien. Hien ass den Direkter vum LNS, dem Staatslabo, a war eisen Invité vun der Redaktioun. Zanter genee 5 Joer ass hien de Chef am Staatslabo.

Et hätt een an där Zäit vill rekrutéiert, vun 13 ass een op 19 Pathologen eropgaangen an et géif een nach weider astellen. Et géif een haut an der Reegel däitlech ënner 10 Deeg leien, bis d'Resultat vun enger Prouf virläit. Domadder wier een an den internationalen Normen. Et wéilt een awer nach besser ginn. D'Zuel vun de Prouwen, déi ee pro Mount misst analyséieren, geet och an d'Luucht.

Den LNS ass hei am Land och de Referenzlabo a Saache Corona. PCR-Tester am Drive-In gi gemaach – iwwer 1.000 Tester den Dag kënne gemaach ginn - an et gëtt sequenzéiert, dat heescht d'Variante ginn analyséiert. Omikron ass nach ëmmer dominant, mä et géif een och nach d'Delta-Variant fannen.

De PCR-Test wär nach ëmmer déi bescht Referenz, fir de Virus nozeweisen, mä et sollt een och sou vill wéi méiglech op Schnelltester zréckgräifen, seet de Professer Mühlschlegel. 2 bis 3 Mol d'Woch teste wär ideal, sou wéi dat beispillsweis an de Schoule gemaach gëtt. Hie wéisst natierlech net, wéi et mat Corona weidergeet. Lëtzebuerg hätt awer gutt an iwwerzeegend beim Testen an Impfe reagéiert an dofir wär hien "hoffnungsvoll".

Invité vun der Redaktioun: Prof. Dr. Friedrich Mühlschlegel

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.