E Mëttwoch de Moie war déi fréier CSV-Presidentin eis Invitée vun der Redaktioun.

Flott a sympathesch war d'Presentatioun vun der neier Partei vum fréieren CSV-President Frank Engel, mä d'Inhalter hunn awer gefeelt. A wat bréngt eng nei Partei méi zu deenen, déi et elo scho gëtt? Déi Fro huet déi fréier CSV-Politikerin a Parteipresidentin Erna Hennicot-Schoepges e Mëttwoch de Moie gestallt. Si war eis Invitée vun der Redaktioun. Sollt et och sou sinn, datt wann een an enger aner Partei net méi eens gëtt, dann eng aner Partei grënnt? Et misst ee sech och anuerdne kënnen. An DP an CSV misste sech froen, wat se falsch gemaach hätten. Oder wat hätt ee kënne besser maachen.

Wat hir Partei – d'CSV – ugeet, seet d'Erna Hennicot-Schoepges ganz kloer, datt d'Affär Frank Engel anescht hätt misse geléist ginn. Dat hätt net op d'Place publique gehéiert. Nom Motto: Knaschteg Wäsch mécht een doheem! D'CSV wier mat hire 34 Buergermeeschter gutt opgestallt. Et géifen nach gutt Käpp an der Partei ginn, déi Politik no bei de Leit maachen. Mä allgemeng misst d'CSV erëm méi no bei d'Leit réckelen. Den direkte Kontakt géif feelen. Et géif net duergoen, datt alles op Facebook leeft. Nei Medie wären eng grouss Gefor.

Iwwer déi aktuell Ukrain-Russland-Kris sot déi fréier CSV-Ministesch an Europadeputéiert, datt et schrecklech wär an eng Faillite vun all deem, wat een opgebaut hätt nom zweete Weltkrich. Et wollt een eng Welt, wou all d'Mënschen a Fridden liewen a wou d'Zéie vu Grenzen net zu Krich féiert. Ob d'Sanktiounen eppes hëllefen, bezweifelt déi fréier Politikerin. D'EU hätt och net ëmmer mat enger Stëmm geschwat. Den EU-Aussebeoptraagte wär kee richtegen Ausseminister. Do géif et Nohuelbedarf ginn.

Et wär eng äussert geféierlech Situatioun. An et misst een hoffen, datt et net zu engem ganz schlëmme Krich kënnt. Mä d'Ausenanersetzung mam Vladimir Putin géif egal wéi bleiwen.

Invité vun der Redaktioun: Erna Hennicot-Schoepges

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.