Cyberattacke si groussen Defi fir europäesch Sécherheetspolitik
En Donneschdeg de Moie war de fréiere Chef de Cabinet vum Premier eisen Invité vun der Redaktioun.
An Zäite vun internationalen Tensioune si Cyberattacken eng grouss Gefor. An de leschten Deeg wier et an der Ukrain scho sou eng Attack ginn. Dat seet de Paul Konsbruck, Direkter vu LuxConnect um Donneschdeg de Moien am RTL-Interview.
Dës Gefor wier ee vun de gréissten Defie fir déi Europäesch Sécherheetspolitik. Do sollt een sech weider zesummen doen a weider an d'Cybersécherheet investéieren.
LuxConnect leet Glasfaser a bedreift Datenzenteren. Bei der Couverture vum Glasfaser wiere mer am internationale Verglach ganz staark, sou de Paul Konsbruck. Allerdéngs ass et heiansdo sou, datt den Internet zwar an der Strooss läit , awer net am Haus, oder de Glasfaser läit bis an de Keller vun der Residence, awer net am Appartement selwer. Dat wiere Prioritéiten, un deene geschafft géing ginn.
De Supercomputer Meluxina wier e Succès, souwuel vum Marketing wéi entretemps och vum Chiffre d‘Affaire. Wichteg wier och, datt Lëtzebuerg op der Landkaart vum Traitement vun den Daten ze fanne wier.
En Datenzenter ass keng Jugurtsfabrick, sou de CEO vu LuxConnect. D‘Infrastruktur géing zwar vill Energie verbrauchen. Ma de Waasserverbrauch vum Datenzenter vu LuxConnect wier zum Beispill net méi héich ewéi dee vun 3 Stéit.
Hien hätt keng informatesch Formatioun, sou de Paul Konsbruck. Et wier wichteg, datt een a sengem Job e breede Bléck hätt. Hien hätt och a Verwaltungsréit eng gewëss Erfarung kënne sammelen.
Säi Wiessel vum Poste vum Chef de Cabinet am Staatsministère eriwwer an den Dateberäich wier fir déi Leit déi him nostinn net iwwerraschend komm. Hien hätt ni wëlle bis un d‘Enn vu senger Karriär beim Staat bleiwen a wier passionéiert fir an engem Betrib matzeschaffen.
Et wier de richtegen Zäitpunkt gewiescht fir eppes anescht ze maachen. Hien an de Premier wiere sécherlech net am schlechten ausenee gaangen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.