D'Zil ass eng Marionette-Regierung zu Kiew
E Freideg de Moie war de Lëtzebuerger Verdeedegungsminister eisen Invité vun der Redaktioun.
Wat wëll Russland? Firwat kritt Kiew net méi staark gehollef? Wéi reagéiert d‘NATO soss? Mir hunn de Moie mam Lëtzebuerger Verdeedegungsminister de Point gemaach. De François Bausch war den Invité vun der Redaktioun. Hie geet dovunner aus, datt keen NATO-Land attackéiert gëtt.
Och wann de Vladimir Putin irrational géing handelen, rechent de François Bausch net domadder, datt NATO-Memberen ugegraff ginn, well da misst militäresch reagéiert ginn. Mä sou wäit wiere mer wierklech net, seet de grénge Verdeedegungsminister.
D‘NATO wier Russland militäresch iwwerleeën, mengt de François Bausch. An der Ukrain kéint een net militäresch intervenéieren, well d'Ukrain kee Member ass an een net och elo géint internationaalt Recht verstousse kéint.
Datt d‘Ukrainer sech am Stach gelooss fillen, kéint hien novollzéien. Mä dat wier awer net sou - mat de Wirtschaftssanktioune géing och de Westen en deiere Präis bezuelen.
Véier Lëtzebuerger Zaldote sinn den Ament a Litauen stationéiert, am Kader vun enger NATO-Missioun. Et ka sinn, datt nach Zaldoten dobäi kommen. E Freideg de Mëtteg gëtt op engem NATO-Sommet decidéiert, wéi ee weider fiert a wéi ee verstäerkt Präsens an Osteuropa weist.
Wat wëll de Kreml eigentlech genee an der Ukrain erreechen? D‘Ziel wier ganz kloer, bis op Kiew ze goen, d'Regierung ofzesetzen an eng Marionette-Regierung en Place ze setzen, sou de François Bausch.
Et kéint och sinn, datt Deeler vun der Ukrain géingen annektéiert ginn. Et wier iwwregens net richteg, datt de Westen d‘Situatioun ënnerschat hätt. Russland wier am NATO-Conseil an de leschte Joren ëmmer en Thema gewiescht an d‘Riske wiere bekannt gewiescht.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.