E Méindeg de Moie war de Lëtzebuerger Wirtschaftsminister eisen Invité vun der Redaktioun.

Et kommen "ganz signifikativ" Mesuren, fir den Impakt vun der Inflatioun op d'Stéit an d'Betriber ofzefiederen. Dat sot de Wirtschaftsminister Franz Fayot e Méindeg de Moien hei op RTL. Dat am Virfeld vun engem Regierungsrot an engem Energiedësch, déi dëse Méindeg am Sennenger Schlass am Gaang sinn.

Ginn Energiepräisser gedeckelt, steierlech Erliichterunge fir d'Betriber oder nach Upassunge bei der Allocation vie chère ënnerholl? De Franz Fayot sot, dat wieren alles Saachen, déi nach mussen diskutéiert ginn e Méindeg de Moien, mee déi um 13.30 Auer op enger Pressekonferenz presentéiert ginn. Ginn e Méindeg scho Mesurë fir de Stéit ze hëllefen, déi am meeschten ënnert der Hausse vun den Energiepräisser leiden, bekannt, sou wäert et nach e bëssen daueren iert et zu Mesuren fir d'Betriber kënnt. Do ginn et eisen Informatiounen no nach dës Woch weider Diskussiounen.

Index-Modulatiounen? "Mol ofwaarden"

D'Hausse vun den Energiepräisser dreift all d'Präisser an d'Luucht an d'russesch Attack op d'Ukrain riskéiert, d'Inflatioun, déi schonn héich war, nach méi an d'Luucht ze dreiwen. De Wirtschaftsminister huet zwar matgedeelt, datt et ganz probabel wier, datt eng Indextranche am Mäerz – mat Effet op den 1. Abrëll - wäert falen an, datt "e bëssen" gefaart géing ginn, datt eng zweet Tranche "relativ séier" kéint dropkommen. Fir de Franz Fayot wier et trotzdeem ze fréi, fir elo schonn iwwert Index-Modulatiounen ze schwätzen. Et wier nämlech nach net kloer wéi héich a wéi laang d'Inflatioun géing héich bleiwen. Donieft huet hien op eng Etüd vum Statec viru puer Joer higewisen, där no den Index zu enger änlecher Entwécklung vun de Léin géing féieren ewéi an deene Länner, wou et keen Index gëtt. Den LSAP-Minister sot hie wier awer am Gaang mam Statec méi am Detail ze kucken, wéi d'Hausse vun den Energiepräisser sech op déi verschidde Quintillen (Opdeelung vun Akommesklassen a 5 Kategorien, nvdr) auswierkt.

1 Millioun Euro fir Flüchtlingen aus der Ukrain

D'Annonce vum russesche President, fir d'Atomkräft an Alarmbereetschaft ze setzen, misst een "extrem Eescht" huelen, mee et misst ee mat "calme" probéieren ze reagéieren, sou de Franz Fayot. Am Géigesaz zu anere mengt de Franz Fayot net, datt ee mam Vladimir Putin et mat engem "geckege" Mann ze dinn hätt, mee mat engem Mann, deen e ganz berechente Plang géing fueren. Dem Wirtschaftsminister no hätt de Vladimir Putin awer wuel net mat esou enger "decidéierter a staarker Reaktioun" vum Weste gerechent. Dat géing och weisen, datt d'Sanktioune vun der EU géint Russland hir Friichten droen.

Op d'Ausso, datt déi spéit Decisioun vun den Ex-Wirtschaftsminister Etienne Schneider a Jeannot Krecké, fir aus de Verwaltungsréit vu russesche Banken ze demissionéieren, der LSAP schlecht zu Gesiicht steet, huet de Franz Fayot geäntwert: "Ech wëll dozou just soen, datt ech frou sinn, datt se déi Decisioun geholl hunn".

De Franz Fayot ass och Kooperatiounsminister an huet wéinst der humanitärer Situatioun op de westleche Grenzen vun der Ukrain eng Millioun Euro Hëllef an enger éischter Phas annoncéiert. Déi soll de Partnerorganisatiounen vun der UNO a vum internationale Roude Kräiz zegutt kommen, déi de Flüchtlingen aus der Ukrain hëllefen an "do kënnt ganz sécher nach eppes no", sou de Franz Fayot.

Invité vun der Redaktioun: Franz Fayot

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.