Zwou oder dräi Indextranchë bannent 12 Méint verhënneren
En Dënschdeg de Moie war den Direkter vun der Chambre de Commerce eisen Invité vun der Redaktioun.
Eng héisch Inflatioun op laang Dauer, kombinéiert mat groussen Ongewëssheeten, riskéieren d’Wirtschaft ze bremsen. Den Direkter vun der Chamber de Commerce, de Carlo Thelen, sot en Dënschdeg de Moien op RTL, et kéint een eventuell an eng sougenannten "Stagflatioun" rëtschen. Dës beschreift den Zoustand vun enger wirtschaftlecher Stagnatioun zesumme mat inflationären Tendenzen.
De Carlo Thelen hofft, datt et der Regierung geléngt, mat neie Mesuren nees méi Vertrauen an der Ekonomie ze schafen an op der anerer Säit d’Inflatioun ze bremsen. Well senger Meenung no misst kuerzfristeg virun allem verhënnert ginn, datt zwou – wann net dräi - Indextranchë séier noenee kéimen.
Hie selwer wéisst net, wat d’Regierung wäert proposéieren, mee hien huet un d’Iddie vun der Chambre de Commerce erënnert. De Carlo Thelen huet als Beispiller Kompensatiouns-Mechanisme genannt, wou de Staat vun enger gewëssener Hausse vun den Energiepräisser en Deel iwwerhëlt. Donieft wieren d’Accisen hei am Land 7-8 Cent de Liter iwwert dem europäesche Minimum an wann ee géing 5 Cent erofgoen, da kéint een op der Pompel eng Ekonomie vun 2,5 Euro op 50 Liter erreechen.
Eng méi "strukturell" Mesure wier zum Beispill eng "Super Deductioun Recherche et Developpement" fir d’Klima- an Digital-Transitiounen ze ënnerstëtzen, oder nach eng "Reserve immunisée", déi et Betriber géing erlaben, Sue fir spéider Investitiounen op d’Säit ze leeën. Dem Carlo Thelen no kéinte Steierreduktiounen d’Vertraue vun de Betriber stäerken. Op d’Fro, ob esou Mesuren net awer d’Demande an deemno och d’Inflatioun riskéieren ze verstäerken, huet de Carlo Thelen geäntwert, et géing vum Kontext ofhänken. Et wier een elo an enger "exzeptioneller" Situatioun an där ee misst op d’wirtschaftlech Onsécherheet reagéieren, sou den Direkter vun der Chambre de Commerce.
Wat d’wirtschaftlech Relatioune mat Russland ugeet huet de Carlo Thelen d’Situatioun als dramatesch bezeechent. D’Offensiv vu Russland wier och komesch, well Europa wier de gréissten Importateur vu Russland. Déi ablécklech Situatioun wier schonn dramatesch. Duerch déi international Sanktioune misst d'Cargolux zum Beispill Ëmweeër fléien, hier Ekippen anescht organiséieren. Och d'Finanztransaktioune géife méi schwéier ginn.
Eng 60 Lëtzebuerger Betriber wieren am Moment a Russland aktiv an nach 10 op der Plaz present, sou de Carlo Thelen. Den Direkter vun der Chambre de Commerce sot awer och: Wat sech den Ukrain-Konflikt méi zougespëtzt huet, wat sech d'Ekonomie awer och scho preparéiert hätt. De negativen Impakt wier manner makroekonomesch, mee méi Energie-technesch.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.