Ecologie net an Oppositioun zum Auto a Bau
En Donneschdeg de Moie war déi nei Co-Presidentin vun déi Gréng an der Stad eis Invitée vun der Redaktioun.
An 10 bis 20 Joer soll d'Stad klimaneutral sinn, sou déi Stater Gréng. D’Gemengeréitin an nei Co-Presidentin vun de Stater Grénge Linda Gaasch sot en Donneschdeg de Moien hei op RTL: dat muss iwwert den ekologesche Bau, d’Energie-Effizienz, d’Mobilitéit an d’Biergerbedeelegung geschéien. A puncto Energie kéint d’Stad autonom ginn, sou d’Linda Gaasch: se kéint selwer Energie produzéieren an hirer Meenung no misst op all Daach, wou et geet, eng Solaranlag kommen. Dernieft fuerderen déi Stater Gréng, datt genuch Plaz bleift fir Grénges an fir déi douce Mobilitéit.
Op d’Remark, datt an neie méi ekologesche Quartieren awer manner Wunnengen entstinn ewéi an ale Quartieren, sot déi gréng Gemengeconseillère aus der Stad Grénges, erhale wier wichteg, notamment wéinst dem Héichwaasserrisiko. Et missten awer och méi Wunnenge gebaut gi jo. Ma dem Linda Gaasch no do, wou Terrainen eidel stinn. Dowéinst haten déi Gréng jo eng Hausse vun der Grondsteier gefuerdert.
Déi Gréng an der Stad froen och e Reseau vu Vëlosweeër deen zesummenhänkt. E besser Vëlosreseau géing och den Automobilisten entgéintkommen, sou d’Linda Gaasch. Méi Vëloen, dat géing och manner Stau bedeiten. Den Duerchgangsverkéier misst awer der grénger Stater Conséillère aus de Quartieren eraus. Well awer méi Aarbechtsplazen an der Stad sinn ewéi Wunnengen, misst d’Offer un Alternativen zum Auto esou sinn, datt et och ouni Auto geet.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.