D'Egalitéit ass fragil a muss elo fir weider Krise gestäerkt ginn
En Dënschdeg de Moie war d'Innen- an d'Chancëgläichheetsministesch eis Invitée vun der Redaktioun.
D'Pandemie huet gewisen, wéi fragil d'Egalitéit ass. Elo gëllt et dësen Acquis ze stäerken, fir weider Krise besser kënnen ze packen. Eng Liser-Etüd huet nämlech gewisen: Fraen hu méi ënnert de sozio-ekonomesche Konsequenze vun der Corona-Pandemie gelidden, duerch méi Kënnegungen oder méi dacks Deelzäitaarbecht zum Beispill. Um Weltfraendag war en Dënschdeg de Moien d'Egalitéitsministesch Taina Bofferding eis Invitée vun der Redaktioun.
Et goufe vill Efforte gemaach an och vill Initiative geholl, notamment um Aarbechtsmarché. Ma an enger Kris géing ee gesinn, wéi stabil d'Acquise sinn. An der Pandemie hu méi Frae wéi Männer hir Aarbechtszäit reduzéiert, wéi d'Liser-Etüd erfaasst huet. Dorunner eppes wëllen ze änneren, wier keng Ideologie, esou d'Egalitéitsministesch Taina Bofferding, mä noutwenneg, well ee weess, dass eng Fra, déi Deelzäit geschafft huet, spéider och eng Deel-Pensioun kritt an doduerch riskéiert an d'Prekaritéit ze rutschen, respektiv vum Partner ofhängeg ass, esou d'Taina Bofferding.
Dat ass e gesellschaftleche Problem a soll verhënnert ginn. An der Aarbechtswelt sinn dofir och Reformen ugeduecht an et géing ee vill mam zoustännege Minister zesummeschaffen. Et ass un der Politik, déi néideg Strukturen dofir ze liwweren a jiddereen, onofhängeg vum Geschlecht, géing dovunner profitéieren, huet d'Ministesch betount.
"Et ass nämlech keen Accessoire, sech ëm d'Gläichberechtegung ze këmmeren. Mä et geet ëm elementar Wäerter vu Fräiheet a Selbstbestëmmung, déi mir och un déi nächst Generatioune wëlle weiderginn, esou d'Taina Bofferding."Dowéinst géing och mat den anere Ministèren zesummegeschafft ginn, fir eventuell nächst Krise besser kënnen ze packen.
"Virun allem mat der Gesondheetsministesch an der Familljeministesch wéilt een och nach zesummeschaffen. Allgemeng géing et dorëms goen, wéi ee sech an Zukunft als Gesellschaft wéilt opstellen."
Villes wier och eng Saach vu Mentalitéit, esou nach d'Taina Bofferding. Dowéinst wier et hir och wichteg, déi Jonk mat anzebannen, fir Stereotyppen ze hannerfroen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.