Stad Lëtzebuerg lount Hotel fir ukrainesch Flüchtlingen
E Mëttwoch de Moie war de Stater Schäffe Serge Wilmes eisen Invité vun der Redaktioun.
D'Stad Lëtzebuerg hëlleft beim Logement vun ukrainesche Flüchtlingen, dat seet den éischte Schäffe Serge Wilmes de Mëttwoch de Moien am RTL-Interview.
Eng fréier Schoul am Rollengergronn gouf zur Verfügung gestallt, fir den éischten Accueil ze maachen. Da gouf en Hotel zu Bouneweg mat 28 Zëmmere wärend 6 Joer gelount. D'Sich no weidere Gebailechkeete wier am Gaang. Et gouf och e Koordinatiounsgrupp op d'Been gestallt, sou den CSV-Politiker.
Wéinst den héijen Energiepräisser wëll d'Gemeng Lëtzebuerg Stéit mat nidderegem Akommes ënner d'Äerm gräifen. Déi kommunal allocation de vie chère soll eropgesat ginn, derbäi kënnt eng Energie-Primm.
De Logement wier eng grouss Prioritéit, sou de Serge Wilmes. Dëse Schäfferot géing 700 Wunnenge bauen. Derbäi kéime grouss Projete wéi Porte de Hollerich oder Villeroy&Boch. D'Prozedure wieren natierlech vill ze laang, mä dat léich drun, datt d'Autorisatioune vun de Ministèren dacks Jore géinge brauchen.
Wat d'Sécherheet op der Stater Gare ugeet, sou stéing et de Moment net um Ordre du Jour, fir nees op eng Sécherheetsfirma zeréckzegräifen. Wann dat néideg wier a wann net genuch Policepresenz kann assuréiert ginn, da kéint een dat awer nees maachen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.