"Mir musse méi onofhängeg gi vu fossille Marchéen"
En Donneschdeg de Moie war d'Ëmweltministesch eis Invitée vun der Redaktioun.
D'Energiepräisser explodéieren, ganz kloer aus geopoliteschen Ursaachen, sou d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg um Donneschdeg de Moien op RTL. Deen Hëllefspak, deen lo decidéiert gouf, war en éischte Schratt. Elo muss déi aktuell Situatioun analyséiert ginn.
Um Donneschdeg de Mëtteg ass jo eng Deklaratioun an der Chamber vum Energieminister Claude Turmes. Et sollen och nach Moossname fir Betriber nokommen.
Eng Äntwert op déi Präisser an op de Krich muss och sinn, datt d'Leit méi onofhängeg gi vun dëse fossille Marchéen, sou déi gréng Ministesch.
An deem Kontext ginn d'Primme fir Elektroautoen verlängert, och liicht méi breet opgemaach. Och d'Hëllefe fir Vëloen an Haiser gi verlängert, sou d'Ministesch. D'Detailer gëtt et do déi nächst Woch.
Den neie Rapport vum Weltklimarot géing nach emol d'Urgence weise fir ze handelen.
Mir hunn e gutt Klimaschutzgesetz, seet d'Carole Dieschbourg. Mir hätten eng Strategie fir eis unzepassen an eng Rei Mesurë géingen ëmgesat ginn, wéi zum Beispill d'Renaturéierung vun de Flëss. Naturschutz stäerken an domat Risike miniméieren, dat géing den IPCC-Rapport soen an dat géing een zu Lëtzebuerg och maachen.
Rezent war zu Nairobi am Kenia d'UN-Ëmweltkonferenz. Do gouf sech ënner anerem a punkto Plastik engagéiert. Zu Lëtzebuerg wiere schonn eng Rei Mesuren ëmgesat, wéi déi mat de Plastik-Tuten. En neit Gesetz ass an der Maach, do sollen ënner anerem Plastik-Objeten, déi just eemol benotzt ginn, ofgeschaaft ginn. Den Text wier op der leschter ligne droite, esou nach d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.