E Freideg de Moie war déi laangjäreg DP-Politikerin eis Invitée vun der Redaktioun.

"D’Biller vun deemools kommen engem direkt nees an de Kapp". Dat sot déi fréier DP-Ausseministesch Colette Flesch e Freideg de Moien am RTL-Interview iwwert de Krich an der Ukrain. Si selwer gouf am Mee 1940 als Kand am Zweete Weltkrich evakuéiert a si hat gemengt d’Zäite vu Krich an Europa wieren eriwwer.

Dausende Leit, déi aus der Ukrain musse flüchten, déi kee Waasser a kee Stroum méi hunn an déi fir d’Fräiheet vun hirem Land kämpfen. Wat an der Ukrain am Moment geschitt, wier bal méi schlëmm ewéi 1940. D’Colette Flesch selwer war deemools nach e Kand an huet éischter positiv op den Erëmopbau nom Krich zeréckgeduecht an d’Kreatioun vun der Europäescher Unioun. Si hat gemengt, d'EU an d’NATO géingen eng Existenz mat Krich verhënneren. De Krich an der Ukrain wier e ganz "battert Erwächen". D’Colette Flesch huet awer d’"enorm" Solidaritéit géigeniwwer den Ukrainer op der Flucht gelueft. Souwuel vu Säite vun der Regierung, ewéi och vun de Gemengen a vun de Leit.

Wéi de Krich kann op en Enn goen, wéisst d’Colette Flesch net. Si sot si wier iwwerrascht, wéi staark d’Resistenz vun den Ukrainer ass. Méi Ënnerstëtzung oder eng Bedeelegung vun Europa kéim fir déi fréier Ausseministesch am Moment awer net a Fro. De Putin hätt awer gewisen, datt e sech net u seng Verspriechen hält a falls d’Nato géing ugegraff ginn da misst och reagéiert ginn. Wat awer katastrophal wier.

"Spuersam sinn, ass ni schlecht"

D’Sanktioune géint Russland wieren e "Gest" fir d’Ukrain, deen een hätt misse poséieren. D’Colette Flesch huet awer aus engem Buch zitéiert, an deem steet, d’Sanktioune géinge meeschtens manner bréngen, ewéi erwaart an et misst ee sech keng Illusioune maachen, datt Russland sech mat Sanktiounen géint Europa wiert.

D’Hausse vun den Energiepräisser, déi ass jo schonn do. D’Regierung huet och schonn eng Tripartite aberuff. D’Colette Flesch rechent domadder, datt do iwwert den Index wäert geschwat ginn. Si war selwer bei Tripartitten an den 80er Joren dobäi an huet tëscht den Zeilen erkläert, ewéi technesch an ustrengend esou Diskussioune sinn: "dat sinn alles Saachen, dat huet alles Effeten en amont an en aval". D’Colette Flesch sot d’Tripartite an d'Diskussioune mat de "Forces vives de la nation" wier de richtege Wee, fir déi bescht Solutiounen ze fannen "an déi bescht Solutioune si bal ëmmer Kompromësser".

Spuersam sinn, wier och "ni schlecht", mee spuersam sinn, wier ëmmer dat Schwieregst. Besonnesch an enger Gesellschaft ewéi mir se kennen zanter de Nokrichsjoren, wou sech ëmmer alles positiv entwéckelt huet, sou d’Colette Flesch. An hiren Ae kéint et elo awer sinn, datt et op eemol méi schwéier gëtt.

Invité vun der Redaktioun: Colette Flesch

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.