E Méindeg de Moie war déi nei Co-Presidentin vun der CSV eis Invitée vun der Redaktioun.

D’CSV wëll elo no vir kucken an de Profil schäerfen. Dat sot déi nei Co-Presidentin vun der CSV, d’Elisabeth Margue, e Méindeg de Moien op RTL. D’Frëndeskrees-Affär wier keen einfache Moment gewiescht, mee elo kéint een no vir kucken. Genee dat äntwert d’Elisabeth Margue och op d’Fro, ob et hirer Karriär geschuet hätt, als Affekotin op der Uklobänk ze setzen: "Et ass sécher keen einfache Moment, mee mir sinn all fräigesprach ginn an dowéinst kucke mer elo no vir". Knaschteg Wäsch an Zukunft intern reegelen - "Nee", dat wéilt d’CSV net maachen, sou déi nei Co-Presidentin. Et hätt ee sech ganz kloer Reegele ginn, wéi ee wéilt matenee schaffen.

Wat deen anere Prozess ugeet, den Erneierungsprozess, do hätt een et fäerdegbruecht vill Jonker an de Gemengen an d’Verantwortung ze kréien. Donieft huet d’Elisabeth Margue Jonker genannt, déi an der Ekipp ronderëm de Claude Wiseler mat erageholl gi wieren. Ob d’Deputéiert Ali Kaes, Jean-Marie Halsdorf oder Viviane Reding nach eng Kéier mat an d’Wale ginn, dat géinge si selwer decidéieren.

No vir kucken, dat wier sech op dat Wesentlecht konzentréieren, nämlech Politik maachen. Der CSV-Politikerin no géingen hir Deputéiert eng "ganz gutt" Aarbecht maachen, mee et hätt een heiansdo Problemer, fir dat no Baussen ze bréngen. D’Themen an der DNA vun der CSV wieren "e bëssen déi sozial Sujeten", ewéi de Logement oder d’Wirtschaft, sou d’Elisabeth Margue. Si huet nach emol am Numm vun der CSV de prinzipiellen Accord vun der Tripartite begréisst, deen ënnert anerem e Verréckele vun zwou Indextranchë virgesäit, mee och Kompensatiounsmesurë fir déi Leit, déi manner verdéngen. Wat d’Elisabeth Margue an hir Partei elo géing interesséieren, dat wier, wéi wäit d’Mëttelschicht vun de Präishaussë vun der Inflatioun concernéiert ass.

D’CSV fuerdert Upassunge bei der Allocation vie chère (fir déi ze kréien, dierf eng Persoun net méi ewéi 2.396 Euro Brutto verdéngen), mee och eng Upassung vun de Steierbarèmen un d’Inflatioun. Duerch sou eng Upassung kommen awer besonnesch déi grouss Revenue gutt ewech, mee d’Elisabeth Margue sot dozou, Leit déi méi verdéngen, géingen och méi Steiere bezuelen. "Et muss een natierlech kucken, datt dat Ganzt progressiv ass, mee am Moment si mer an enger Situatioun, an där d’Mëttelschicht ganz vill belaascht ass, well ee ganz séier am Spëtzesteiersaz ass", sou d’Elisabeth Margue. Et géing net drëm goen, méi Kafkraaft ze ginn, mee de Verloscht u Kafkraaft ze kompenséieren. Steieren op grouss Verméigen oder op Groussbesëtzer, dat wier "am Moment net um ordre du jour".

Invité vun der Redaktioun: Elisabeth Margue

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.