En Dënschdeg de Moie war d'Cheffin vun der Vertriedung vun der EU-Kommissioun zu Lëtzebuerg eise Invitée vun der Redaktioun.

De leschten Euroskeptiker misst elo verstanen hunn, wéi wichteg eng staark EU ass. Dat sot d’permanent Vertriederin vun der EU-Kommissioun, d’Anne Calteux en Dënschdeg de Moien hei op RTL. D’Attack vu Russland op d’Ukrain wier eng Attack géint d’europäesch Wäerter, d’Mënscherechter an d’Fräiheeten. D’Anne Calteux sot: d’europäesch Unioun ass net am Krich mat Russland, mä se ass staark an hiren Aktiounen.

Mat der Liwwerung vu Material un d’Ukrain an de Sanktioune géint Russland huet d’EU "staark Signaler" gesat, esou d’Anne Calteux. Zil vun de Sanktioune wier et, d’Finanzéierung vun der russescher Krichsmaschinn z’erschwéieren. D’Vertriederin vun der EU-Kommissioun sot, d’Ëmsetzung vun de Sanktiounen géing "ganz no" gekuckt ginn: "et ass eng extra DG, Direction générale 'Fisma' beoptraagt ginn, an de verschiddenen Etats membres dee Monitoring ze maachen". All Dag géinge Leit dat ganz genee kucken.

Donieft hätt Bréissel en neie Whistleblower-Instrument op d’Bee gesat, wou ee ka mellen, wann eng Sanktioun eventuell net géing ëmgesat ginn. Datt d’Finanzministesch Yuriko Backes eréischt rezent en neie Gesetzprojet iwwert de Suivi vun internationale Sanktiounen deposéiert huet, géing reporter.lu weisen, datt Lëtzebuerg an där Matière hannendran ass. "Et kann een ëmmer d’Saache besser maachen", sou d’Anne Calteux, déi och sot, d’EU-Kommissioun géing dat begréissen.

Wat d’europäesch Ofhängegkeet vun der russescher Energie ugeet, dozou sot d’Vertriederin vun der EU-Kommissioun, et wier ee sech elo bewosst ginn, datt ee misst méi autonom a méi souverän ginn. D’Energiekris hätt gewisen, "datt mer mussen un eise Klimaziler festhalen, datt mer souguer nach méi ambitiéis musse ginn a méi séier op erneierbar Energie ëmklammen." Et misst méi an Europa produzéiert ginn a méi op Biogas, flëssege Gas an Hydrogen zeréckgräifen.

D’Europäesch Unioun muss och Milliounen ukrainesch Flüchtlingen ophuelen. Iwwert Verdeelungsquoten ze schwätzen, géing fir d’Anne Calteux aktuell kee Sënn maachen, well d’EU dës Kéier e pragmatesche Wee ausgesicht huet, andeems all d’Refugiéen aus der Ukrain automatesch eng temporär Protektioun fir 1 Joer kritt. Donieft wiere Länner, déi soss ni esou hëllefräich waren, ewéi Polen an Ungarn, dës Kéier solidaresch. Déi schéi Beweegung misst een ënnerstëtzen, sou d’Vertriederin vun der EU-Kommissioun Anne Calteux.

Invité vun der Redaktioun: Anne Calteux

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.