E Mëttwoch de Moie war de Luc Scheer vum Roude Kräiz eisen Invité vun der Redaktioun.

Fir et ganz einfach ze soen: Geld spenden, wann een am Ausland wëll hëllefen oder bei sech doheem Leit ophuelen, eng eidel Wunneng zur Verfügung stellen oder sech als Benevole mellen, dat sot de Luc Scheer de Mëttwoch de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun, wéi een den Ament kann hëllefen an der ukrainescher Flüchtlingskris.

Hien ass Member vum Direktiounscomité vum Lëtzebuerger Roude Kräiz an huet erkläert, datt et kee Sënn méi mécht, fir Saachen ze spenden, fir an d’Ukrain ze féieren. Sue gi méi gebraucht an der Ukrain selwer. Awer och an den Nopeschlänner, wou d’Leit opgeholl ginn, beispillsweis a Moldawien, wou een als Rout Kräiz op der Plaz hëlleft. Méi spéit bräicht ee se warscheinlech och hei am Land. Kleeder a Miwwel zum Beispill ginn ëmmer gesammelt, den Ament awer net verstäerkt, well een et soss net gestemmt kritt.

Ouni d’Privatleit geet et net, dat kéint ee kloer esou soen, sot de Luc Scheer. Eng Majoritéit vun den ukrainesche Flüchtlinge si privat ënnerkomm. 1.000 Offere krut ee bis ewell. Hëllef bei der Gerance dovunner géif ee brauchen. Dofir kéint ee sech bei der Croix Rouge mellen. Oder fir aner Aufgaben als benevolle Mataarbechter. Wann een e Flüchtling wëll ophuelen, kann ee sech nach ëmmer mellen. Weider Informatioune fënnt een hei.

D’Hëllefsorganisatioun freet ëm Gedold, wann een net direkt e Retour kritt. D’Organisatioun géif e bëssen Zäit brauchen, och fir ze kucken, wien am beschte wou ënnerbruecht ass. Wann een een ophëlt, mécht een dat total benevole, kritt also keng Suen dofir.

D'Solidaritéit vun de Leit wier grouss, si misst et awer och bleiwen. Et misst ee vum Sprint an de Marathonmodus goen, et wéisst een nämlech net, wéi laang de Krich nach dauert. An den Effort fir den Nees-Opbau an der Ukrain wäert ganz grouss ginn, sou nach de Luc Scheer vum Roude Kräiz.

Invité vun der Redaktioun: Luc Scheer

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.