"Et gëtt keng Gesellschaft ouni Krich"
En Donneschdeg de Moie war de Psychiater a Psychoanalyst Paul Rauchs eisen Invité vun der Redaktioun.
Eng Gesellschaft ouni Krich géif et net ginn, seet de Psychiater a Psychoanalyst Paul Rauchs am RTL-Interview. Fridde wier ëmmer just en Intervall tëscht zwee Kricher, dat géif eis d'Geschicht weisen.
Nom zweete Weltkrich hätt een awer an Europa geduecht, dat kéint eis net méi geschéien. Ma Krich, respektiv Konflikt, och a politescher Form, wier an der Natur vum Mënsch. Och wa mer en dacks symbolesch féieren, wéi zum Beispill an engem Futtballmatch oder an engem Videospill.
De Putin géif awer net mengen, dat déi aktuell Situatioun an der Ukrain kee Krich wier, a wann, dann héchstens e Biergerkrich, well hie mengt, hie wier an der Ukrain doheem. Propaganda wier och e ganzt wichtegt Mëttel, fir Leit un d'Waffen ze kréien. Wann awer jidderee richteg informéiert wier, bräicht een d’Waffen awer villäicht net, sou de Psychoanalyst.
Wat Sanktiounen ugeet, do fäert de Paul Rauchs, datt dës dat russesch Vollek méi treffe wäert wéi d'Oligarchen an datt et laang dauere wäert, bis se gräifen an domadder d'Russe mierken, datt si an engem Krich sinn, deen och hinne géif schueden.
Wann de Putin zur Gewalt gräift, wier dat en Ageständnis vu senger "Ohnmacht". A wann de Rescht vun der Welt agräift an en drëtte Weltkrich géif ausbriechen, wier dat en Zeeche vun der "Impuissance" vun der ganzer Mënschheet.
Op d'Fro, wéi ee mat mam Ukrain-Krich, der Pandemie an dem Klimawandel soll ëmgoen, sot de Psychiater Paul Rauchs, datt ee sech seng Angscht misst agestoen, se akzeptéieren, sech informéieren an am eegene klenge Beräich d’Kontroll zréckkréien, zum Beispill, andeems een hëlleft, sief et mat Spenden oder e Flüchtling bei sech ophuelen.
Zulescht misst een och säin Humor behalen, well deen d’Zivilisatioun héich hält, sou de Psychiater a Psychoanalyst Paul Rauchs.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.