Drénkwaasser-Reserve ginn nach bis 2035-2040 duer
En Dënschdeg de Moie war de Responsabel fir d'Waassergestioun am Ëmweltministère eisen Invité vun der Redaktioun.
Am Kontext vum internationalen Dag vum Waasser en Dënschdeg gëtt den Akzent zu Lëtzebuerg dëst Joer op d'Grondwaasser geluecht. D'Grondwaasser suergt fir ronn 50 Prozent vun eisem Drénkwaasser, dat aus ronn 300 Quellen a Buerungen erausgezaapt gëtt an ass allgemeng e wichtege Bestanddeel vun de Waasserreserven. Dat huet den Tom Schaul en Dënschdeg de Moien erkläert. Den Hydro-Geolog a Responsabel fir d’Waassergestioun am Ëmweltministère war eisen Invité vun der Redaktioun.
Waasserkonsum geet trotz Wuesstem zeréck
De Waasserkonsum zu Lëtzebuerg geet trotz Populatiounswuesstem proportionell zeréck. Zanter Ufank 2000 huet sech d‘Drénkwaasserversuergung professionaliséiert an doduerch fält de Verbrauch pro Kapp. Dat ënner anerem, well et manner Schwéier-Industrie am Land gëtt wéi nach an den 80er an 90er Joren; de Waasser-Reseau mat iwwer 4.600 Kilometer Leitunge gouf moderniséiert an doduerch ginn et manner Fuitten an donieft wieren d'Leit sech och méi bewosst ginn, wéi wichteg d‘Waasser ass, a géifen spueren.
Aktuell Drénkwaasser-Reserve ginn duer bis 2035-2040
Déi aktuell Drénkwaasser-Reserven zu Lëtzebuerg ginn nach bis 2035-2040 ouni Problemer duer. Vun do u kéint et a Phase vu Spëtze-Consommatioun, besonnesch am Summer, zu Enkpäss kommen. Fir dat ze evitéieren, hätt ee sech awer eng Strategie ginn an dës baséiert op 3 Pilieren. Éischtens de Schutz vun den existente Waasser-Sourcen, wéi zum Beispill de Stauséi mat Waasserschutzzonen. Eleng doduerch kéint een nees Drénkwaasser fir zousätzlech 60.000-65.000 Leit garantéieren. Zweetens Mesuren, fir Waasser ze spueren. Dat net just a private Stéit, mä och an der Industrie a Landwirtschaft. An drëttens nei Waasser-Ressourcen erschléissen. Do géing een den Ament notamment Etüde maachen, fir ze kucken, ob a wéi een d‘Waasser aus der Musel kéint gebrauchen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.