En Freideg de Moie war den Direkter vun der Asti eisen Invité vun der Redaktioun.

Zanter dem Ufank vum Krich an der Ukrain si méi wéi duebel sou vill Flüchtlingen zu Lëtzebuerg ukomm, wéi an de leschten zwee Joer zesummen. Et géif ee gesinn, datt ganz vill Solidaritéit um Terrain ass, sot e Freideg de Moien ee vun den Direktere vun der Asti, de Marc Piron. Associatiounen géife probéieren zesummenzeschaffen, Ministèren och. Just esou kéint een déi heite Kris och packen.

Fir eng Evaluatioun ze maachen, wier et awer nach e bësschen ze fréi.

Dem Marc Piron no wieren an de leschte Wochen eng Rei "bonnes pratiques"  entstanen, déi een deemno wéi och laangfristeg etabléiere kéint. Dat misst dann awer onbedéngt fir all Flüchtlinge sinn, huet den Direkter vun der Asti betount.

Eisen Invité vun der Redaktioun huet d'Beispill vun der Hotline genannt, déi Caritas a Croix Rouge an Zesummenaarbecht mam Familljeministère bedreiwen, fir Privatleit ze beroden, déi Flüchtlinge bei sech ophuele wëllen. En anert Beispill ass den Accès zum Aarbechtsmaart. Asti a Flüchtlingsrot ënnert anerem hunn an der Vergaangenheet méi wéi eemol gefrot de Lëtzebuerger Aarbechtsmaart misst sech méi opmaache fir Asyldemandeuren. Eng Aarbecht, sou de Marc Piron, wier e wichtegt Element, fir sech an enger Gesellschaft z'integréieren, fir och um fräie Wunnengsmaart Fouss ze faassen. Déi akut Urgencesituatioun hätt awer duerch näischt kënne verhënnert ginn.

Gréissten Defi bleift de Logement

Ganz vill Gemengen hätte sech gemellt, fir elo Wunnengen oder Hale fir Flüchtlingen zur Verfügung ze stellen, dat begréisst de Marc Piron ausdrécklech. An der Zäit hätt ee méi Problemer gehat, fir Gemengen ze mobiliséieren. Duerfir wier een elo ëmsou méi frou, datt et elo sou séier klappt. D'Asti hofft, datt de Solidaritéitselan vun de Gemengen och an Zukunft sou héich bleift, fir d'Flüchtlingsfoyeren entlaascht ze kréien. Et dierft ee sech och net enger Diskussioun iwwer Quote verschléissen, deenen no d'Flüchtlingen am Land opgedeelt géife ginn.  Et misst een der Asti no, och vill méi fréi ufänken, fir d'Asyldemandeuren an Integratiounsprojeten eranzekréien. Direkt no der Arrivée mat de Leit schaffen, fir se op den Aarbechtsmarché ze kréien, via Stagen oder Formatioune vun der Adem.

Offere musse fir all Flüchtlingen opgemaach ginn

Dem Marc Piron no géife vill Demandeurs de protection internationale net verstoen, firwat elo d'Refugiéen aus der Ukrain direkt schaffe kënnen a si net. Firwat déi eng bei Privatleit wunne kënnen an déi aner net. Deem Ongerechtegkeetsgefill misst ee sou séier wéi méiglech entgéint wierken, andeems Offere fir all Asyldemandeure generaliséiert ginn.

D'Solidaritéit, déi d'Leit hei am Land 2015 de syresche Flüchtlingen entgéint bruecht hunn, wier am Ufank grouss gewiescht, hätt awer séier ofgeholl. Deemools hätten och Initiativen wéi "Oppent Haus" fir Flüchtlinge bei Privatleit ënnerdaach ze bréngen nëmme bedéngt Uklang. Och well et keng Ënnerstëtzung vun offizieller Säit gouf.

Fir d'Solidaritéit déi Kéier méi laang oprecht z'erhale wier et wichteg, déi "bonnes pratiques", d'Zesummenaarbecht tëscht den Associatioune bäizebehalen, Formatiounen organiséieren a Gemenge begleeden.

Sech drop astellen, datt net jiddereen heem geet

Vill Flüchtlingen aus der Ukrain hoffen nees séier kënnen heem ze goen. Ma d'Erfarungen nom Balkankrich hätte gewisen, datt Leit wäerte bleiwen. Och déi ronn 3.000 Leit vum Balkan wieren net all zeréckgaangen. Duerfir misst ee sech elo schonn dorobber preparéieren an d'Integratiounsofferen an d'Sproochecoursen zum Beispill eropfueren. An assuréieren, datt mer d'Flüchtlingen aus dem Balkan laangfristeg opgefaange kréien. Do wiere ganz vill Ressource gefuerdert, finanzieller an och personell an do misst ee sech iwwerleeën, wou een déi elo fënnt, esou de Marc Piron vun der Asti.

Invité vun der Redaktioun: Marc Piron

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.