En Dënschdeg de Moie war den Yves Nosbusch eisen Invité vun der Redaktioun.

D’Inflatioun, d’Präisdeierecht, misst Mëtt dës Joers hiren Héichpunkt erreechen an duerno falen. Dovunner geet de Chefekonomist a Member vum Exekutivcomité bei BGL BNP Paribas den Yves Nosbusch aus. Hie war de Moien Invité vun der Redaktioun hei op RTL an huet erkläert : de gréissten Deel vun der Inflatioun wier op d’Hausse vun den Energie- a Liewensmëttelpräisser zeréckzeféieren a besonnesch dee vum Pëtrol an en aneren Deel wier wéinst Liwwerenkpäss. A sengen Ae wier een net an enger Präisspiral.

29/03/2022 Invité Redaktioun - Yves Nosbusch

D’Inflatioun géing dem Yves Nosbusch no an der Eurozon bis op 6,5% klammen, well effektiv nach net all d’Präisshaussen «duerchgesickert» wieren. Se géing dann awer d’nächst Joer bis op 3% falen an dat aus «mechanesche Grënn». Well fir datt d’Inflatioun esou héisch géing bleiwen ewéi elo, da misst een senger Analys no ëmmer weider Präisshaussen hunn um Niveau vum Petrol oder vun de Salairen. Näischt géing am Moment awer dorobber schléisse loossen. D’Salairen géingen an der Eurozon aktuell just ëm 1,5 bis 2% wuessen.

Tripartite-Proposë sënnvoll

D’Mesure, déi en Donneschden op der Tripartite kéint definitiv decidéiert ginn, fir d’Taxen um Sprit ëm 7,5 Cent ze reduzéieren, ass an den Ae vum Yves Nosbusch gutt, well se géing d’Präishausse um Sprit limitéieren. Op d’Remark, datt méi Demande awer méi Inflatioun nees verursaacht wann net genuch Offer do ass, sot den Ekonomist: «sécher, mee am Moment ass d’Inflatioun duerch ganz spezifesch Komponente verursaacht an d’Demande ass am Gaangen ze falen». Et misst een oppassen, datt d’Demande net ze vill fält. Aus deem selwechte Gronn wier Spuerpolitik senger Meenung no aktuell keng gutt Iddi.

D’Index-Modulatioun op eng Tranche maximal bannent 12 Méint, reduzéiert awer wuel d’Kafkraaft, mee wat fir den Yves Nosbusch gutt wier, dat wier datt een d’Salaireshaussen awer e bëssen "étaléiert" a well ee jo wéilt vermeiden eben an eng Spiral ze geroden.

Vu Steieren op grousse Verméigen oder grouss Revenuen, sou wéi den internationale Wärungsfong Groussbritannie recommandéiert, hält de Chefekonomist bei BGL BNP Paribas net vill well een a sengen Ae éischter elo misst «global geschwat» iwwer Steierreduktiounen nodenken. D’Erfarung hätt och gewisen, datt Steierhaussen op grouss Revenuen net vill Recette géingen erabréngen.

Zënshaussen a Siicht

An enger Präisspiral wier een elo jo Mol net, mee trotzdeem rechent den Yves Nosbusch domadder, datt nieft der US Zentralbank, och d’europäesch Zentralbank Enn dës Joers wäert ufänken d’Zënsen an d’Luucht ze schrauwen. Méi lues awer ewéi d’FED. Ugeschwat op «Zombie-Firmen», déi just duerch déi labber Geldpolitik kënschtlech um Liewe gehale goufen a riskéieren no Zënshaussen Faillite ze maachen, sot den Yves Nosbusch d’Zentralbank géing seng Haussen ganz virsiichteg a progressiv ënnerhuelen.

Fir Leit, déi e Prêt hunn, wier déi onerwaarten Inflatioun iwweregens éischter eng gutt Saach, sou den Ekonomist. D’Salairen géingen nämlech lues a lues klammen iwwerdeems de Kredit deen ee geholl huet nach ëmmer dee selwechte Montant bleift. Fir déi di puer Suen um Spuerkont hunn par konter wier et schlecht.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.