De Vertrieder vu Lëtzebuerg am Weltklimarot war en Dënschdeg eisen Invité vun der Redaktioun.

D’Äerderwiermung ka gestoppt ginn, do gëllt et awer net nëmmen op den technesche Fortschrëtt ze setzen, mä och op eng Ëmstellung beim Verhale vum Mënsch. Dat sot eisen Invité vun der Redaktioun, den Andrew Ferrone. Hien ass Vertrieder vu Lëtzebuerg am Weltklimarot.

D’Zil ass kloer, esou den Andrew Ferrone, an zwar d’CO2-Emissiounen, déi aktuell zu 64 Prozent Fossil-Emissioune sinn, méiglechst op Null drécken.

"Dat bedeit, dass nëmmen esou vill Emissiounen dierfe gemaach ginn, wéi se och op natierlechem Wee kënnen absorbéiert ginn. Fir op 1,5 Grad ze limitéieren, musse mer déi Netto-Null schonn 2050 erreechen. Bis op 2 Grad kéint ee bis 2070 limitéieren."

Dat geet aus deem drëtten Deel vum Rapport vum Weltklimarot IPCC, deen e Méindeg presentéiert gouf. Erreecht een d'Neutralitéit méi spéit, klëmmt de Risiko fir Klimakatastrophen, esou den Andrew Ferrone. Eng wichteg Komponent wier natierlech d'Technologie, zum Beispill d'Notzung vun erneierbaren Energien.

"Dat eleng géing awer net duergoen, och dat geet aus dem Rapport ervir. Et muss och eng Ännerung am Verhale vun de Mënsche kommen. Et sinn dann déi zwou Léisunge kombinéiert, déi en Impakt kënne maachen."

Wat d'Verhalensmuster ugeet, sou géing och den Transport eng wichteg Roll spillen. Télétravail oder sech anescht, wéi just mam Privatauto ze deplacéieren, kéinte Léisungsusätz sinn. Esou wéi och d'Elektromobilitéit weider ze promouvéieren. Dobäi mussen awer och d'Entwécklungslänner matmaachen, soss kënnen déi global Ziler net erreecht ginn.

"Fir dat méiglech ze maachen, misste finanziell Fluxen zu Verfügung gestallt ginn. Déi, déi et aktuell scho ginn, sollte staark eropgesat ginn. Nëmmen esou kéint den Entwécklungslänner an och Länner, déi an der Transitioun sinn, ënnert d’Äerm gegraff ginn, fir déi global Ziler ze erreechen."

D’erneierbar Energië wiere mëttlerweil a ville Regioune méi bëlleg wéi déi Fossil, wouduerch et intressant a rentabel wier, op erneierbar Energie ëmzeklammen.

Op der COP26 notamment wieren ambitiéis Ziler genannt ginn, dat géing weisen, dass och d'Politik d'Messagen aus dem IPCC-Rapport eescht hëlt, esou nach den Andrew Ferrone. Parallel hält de Rapport awer och eng Urgence fest. Esou wéi d'Politik den Ament handelt, géing et net duergoen.

Invité vun der Redaktioun: Andrew Ferrone

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.