"Nazi-Narrativ ass mat den Hoer erbäigezunn"
E Freideg de Moie war den neie President vu Memoshoah eisen Invité vun der Redaktioun.
De russesche Krich an der Ukrain ass en ethno-nationalistesche Projet. Dat sot den neie President vun der Associatioun Memoshoah, de Mil Lorang e Freideg de Moien hei op der Antenn. Hie war Invité vun der Redaktioun. Moskau géing vu "Säuberung" schwätzen, also ethnescher Säuberung. Dat géing zum Beispill heeschen, datt en Deel vun der Populatioun verdriwwe gëtt. Fir d'Russe géing et nämlech zwou Ethnien an der Ukrain ginn, déi déi ukrainesch schwätzen, an déi russophon, déi fir si zum grousse russesche Vollek gehéieren, esou de Mil Lorang.
Dat wat d'Russen den Ament mam ukrainesche Vollek géinge maachen, wier dat selwecht, wat d'Nazie bei hirer Invasioun vu Polen gemaach hätten. Et kéint een a sengen Aen awer nach net vu Genozid schwätzen.
Den Narrativ vu Russland, et géing een d'Ukrain "denazifizéieren", wier un den Hoer erbäigezunn, fir d'Vollek ze denigréieren a fir de Krich ze justifiéieren.
Russland hätt an de leschten 20 Joer massiv an Desinformatioun a Propaganda investéiert. Och an eise Länner géif et vill Leit ginn, déi Chaînen ewéi Russia Today oder Sputnik reegelméisseg gekuckt hunn an net verstanen hunn, datt dat reng Propaganda vum russesche Staat ass.
A Realitéit géingen och d'Judden den Ament aus der Ukrain flüchten. Wa si géinge vun Nazie befreit ginn, da géinge si jo net vun hire Befreier fortlafen. Déi éischt russesch Zaldoten, déi an der Ukrain ukomm sinn, hätte sech och gefrot, "wou d'Nazie sinn".
De President vu Memoshoah huet drop higewisen, datt de russesche President Putin elo an der Neonazi-Zeen als Held géing geféiert ginn, deen déi wäiss Rass rette géing. Et misst een och wëssen, datt de Grënner vum russescher Söldner-Grupp Wagner, déi och elo am Ukrain-Krich aktiv sinn, d'SS-Zeechen um Hals tätowéiert hätt.
Am Kontext vum Krich wier et ganz wichteg, iwwert d'Shoah opzeklären. Och wann ee verschidde Leit wuel net iwwerzeegt kritt. Et géif opfalen, datt déi virulentst Géigner vun de Covidmesuren elo déi virulentst Vertrieder vun der russescher Propaganda sinn. Hei zu Lëtzebuerg an am Ausland. Trotzdeem misst een an d'Schoule goen, d'Jugend erreechen, opklären an erklären, wat grad geschitt an datt et gewësse Parallelle ginn. Grad wéi och kloer Ënnerscheeder.
Ee wichtegen Ënnerscheed wier zum Beispill, datt d'Ukrainer kënne fortlafen. Dat wier bei de Judden net sou gewiescht, do wieren d'Grenzen zougemaach ginn an dat hätt och dozou bäigedroen, datt et zum Genozid koum.
De CovidCheck mam Juddestär gläichzesetzen, wier awer einfach "hirverbrannt", sou eisen Invité vun der Redaktioun. De Juddestär wier näischt aneres gewiescht wéi en Doudeszeechen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.