En Donneschdeg de Moie war de Responsabele vum Service Migrants et Refugiés vum roude Kräiz eisen Invité vun der Redaktioun.

Ronn 5.000 Leit, déi aus der Ukrain hu misse flüchten, hunn eng temporär Protektioun hei zu Lëtzebuerg gefrot. Ongeféier d'Hallschent vun hinnen ass bei private Persounen ënnerkomm, déi aner an ëffentleche Strukturen.

Dat sot de Christophe Müller, de Responsabelen fir de Refugié-Service bei der Croix Rouge en Donneschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. Wat déi Situatioun méi laang unhält, wat d’Leit sech och informéieren, fir eventuell méi laangfristeg kënnen ënner ze kommen. Op laang Zäit bei Frënn op der Couch schlofen wier net einfach. Kleng ëffentlech Strukture wieren eng gutt Alternativ, ma do misst ee kucken, wat fräi ass.

An der Moyenne kommen nach ëmmer 15 bis 20 Leit pro Dag aus der Ukrain hei un, dat wieren der däitlech manner, wéi nach virun e puer Wochen. Ma awer wier een ëmmer virbereet, fir och méi Leit zesumme kënnen opzehuelen. Dofir ass nieft der Struktur SHUK fir de Primo-Accueil och nach eng Zeltstruktur bei der europäescher Investmentbank um Kierchbierg en place gesat ginn.

Et wier kee Geheimnis, dass déi bestoend Strukturen, déi natierlech och fir Leit aus anere Länner, wéi Syrien, dem Afghanistan oder Eritrea geduecht sinn, zu iwwer 90% ausgelaascht wieren, sot de Christof Müller. Et soll awer genuch Plaz gi fir jiddereen an et sollt een och net vergiessen, dass Leit aus ville verschiddene Länner flüchten an zu Lëtzebuerg ukommen, parallel zu de Leit, déi elo wéinst dem Krich an der Ukrain hu missen hiert Land verloossen.

De Christof Müller an d'Auslaaschte vun den Infrastrukteren

Et géing een dann en Ënnerscheed mierken, bei de Leit, déi elo aus der Ukrain ukommen, par Rapport zu deenen, déi geflücht sinn, wéi de Krich lassgaangen ass. Wien elo d'Land verlooss huet, huet de Krich hautno erlieft. Dacks kommen d'Leit aus dem Oste vun der Ukrain an hu ganz séier alles missen hannert sech loossen, well e Flucht-Corridor ageriicht gesat gouf.

Den Undeel vu Mineuren, déi ouni hir Elteren hei ukommen, wier méi kleng wéi ufanks gefaart. Et géing een éischter gesinn, dass Jonker net komplett eleng kommen, mee mat Familljemembere wéi enger Tatta oder Frënn vun der Famill.

Fir d'Rout Kräiz wier et och besonnesch wichteg, dorop opzepassen, dass onbegleete Mineure keng falsch Kontakter knäppen an da wa méiglech an hirer Situatioun ausgenotzt ginn. De Christof Müller huet zwar betount, dass nach keen esou e Fall bekannt wier, ma et dierft een deen Aspekt awer net aus den A verléieren.

Invité vun der Redaktioun: Christof Müller

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.