E Mëttwoch de Moie war de President vun der ABBL eisen Invité vun der Redaktioun.

Mer hunn eis all gefreet, datt d'Zënsen endlech nees an d'Luucht ginn, allerdéngs hätt een et léiwer an engem anere Gesamtkader gemaach. Dat sot e Mëttwoch de Moien de President vun der Associatioun vun de Banken a Banquieren ABBL bei eis op der Antenn. De Guy Hoffmann war eisen Invité vun der Redaktioun. Wann d'Zënse relativ séier klammen, géif dat d'Banke sécher net arrangéieren. A wann dat Ganzt och nach begleet géif duerch eng staark Inflatioun, déi riskéiert d'Ekonomie liicht ofzewiergen, wier dat näischt, wat een elo géif brauchen.

Zënshausse kënnt net ze spéit

Ob d'Europäesch Zentralbank ze laang gezéckt hätt, fir d'Enn vun der Nullzënspolitik anzelauden, wier eng schwéier Fro. Et hätt een net wëllen déi douce Reprise no der Pandemie nees ofwiergen an et dierft een och net vergiessen, datt d'EZB fir d'Zënspolitik vun 19 verschiddene Länner verantwortlech ass. Déi annoncéiert Hausse vun den Zënse géif an deem Sënn och net ze spéit kommen, well d'Banke schonn éischter reagéiert hunn.

Antëscht muss ee fir en Taux fixe fir en Immobiliëprêt 3% bezuelen. Am Verglach: uganks dës Joers war et grad mol d'Hallschent. D'Hausse wier op d'Entwécklunge vun den internationale Marchéen zréckzeféieren. Déi hätte schonn Enn zejoert ugezunn, huet de Guy Hoffmann erkläert. Beim variabelen Taux léich een awer nach däitlech drënner.

Tauxen um Prêt mëttelfristeg, net "wansinneg" méi héich wéi elo

Ob wat mussen d'Clientë sech mëttelfristeg astellen? Grondsätzlech geet de Guy Hoffmann net dovunner aus, datt d'Tauxen nach "wansinneg" méi héich gi wéi elo. 3,5% bis 4% wiere wuel net ausgeschloss, mä net vill driwwer. Aus dem einfache Grond, datt d'Europäesch Zentralbank och op d'Scholdelaascht vu verschiddene Memberlänner oppasse muss an duerfir suerge muss, fir d'Aktivitéiten net ze vill ofzewiergen. Villes géif awer dovunner ofhänken, wéi laang de Krich an der Ukrain an d'Problemer an de Liwwerketten nach daueren.

Schwieregen Accès fir en Immobiliëprêt

D'Entwécklunge bei den Zënse brénge mat sech, datt Leit ëmmer méi Schwieregkeet kréien, sech eng Wunneng ze finanzéieren. Den Accès zu engem Eegenheem gëtt méi schwéier. Dat huet den ABBL-President e Mëttwoch de Moien zouginn. Historesch gesi wieren d'Zënsen zwar weider éischter déif, mä well de Logementsmarché scho virdrun "sou demesuréiert" gewiescht wier, géif et fir Leit mat méi niddregem Akommes ëmmer méi schwiereg ginn. Nieft de méi héijen Zënse si jo och d'Käschte fir Energie a Baumaterial geklommen.

D'Rahmenbedéngungen, fir e Kredit ze kréien, deen och all Mount kann zeréckbezuelt ginn, hätte geännert, gëtt den ABBL-President zou. De Facto missten d'Banke wuel méi streng ginn, fir laangfristeg ze garantéieren, datt d'Clienten hir Schold och an Zukunft nach kënnen zréckbezuelen. Et wier ze fäerten, datt och manner Leit iwwerhaapt e Prêt accordéiert kréien. Duerfir misst d'Politik dru schaffen, fir de Basisproblem vum Logement, fir déi héich Präisser an de Grëff ze kréien.

Manner Suerge mécht sech de Banquier fir Leit, déi schonn e Prêt hunn. Méiglech Zënshaussen, déi elo vun der EZB kommen, wieren do scho mat agerechent. Och méi Zënshaussë géifen d'Clienten net a Bedrängnis bréngen.

Hausse vum Leetzëns heescht net direkt méi Zënsen um Spuerbuch

Den ABBL-President hofft, datt d'Europäesch Zentralbank elo séier d'Strofzënse vun 0,5% fir d'Banken ophieft. Da géif et och kee Grond ginn, datt d'Banken dat de Clientë weider facturéiere géifen. Op der anerer Säit dierft een awer net e Feeler maachen, fir dovunner auszegoen, datt d'Hausse vum Leetzëns automatesch zu méi héijen Zënsen um Spuerkont féieren. Dem Guy Hoffmann no kéint een héchstens optimistesch sinn, datt déi Zënsen an engem raisonnabelen Zäitraum vu 4-6 Méint klammen. Do musse Spuerer sech also net gedëllegen.

Ugeschwat op d'Bankfraisen, déi an engem Joer an der Moyenne ëm 14,5% geklomme sinn, huet den ABBL-President gemengt, et géif een zu Lëtzebuerg aus enger Zäit kommen, an där Lëtzebuerger Banken Operatiounen am Guichet quasi gratis gemaach hunn. Dat wier haut net méi de Fall. Vill Banken hätten awer Offerten, déi deeglech Geschäfter zu raisonnabelen Tariffer ze maachen.

Invité vun der Redaktioun: Guy Hoffmann

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.