E Mëttwoch de Moie war de President vun der Enseignantsgewerkschaft SNE eisen Invité vun der Redaktioun.

Wärend der Pandemie huet ee missen iergendwéi derduerch kommen. Ma d'Probleemer um Terrain sinn awer déi nämmlecht bliwwe wéi virdrun. An dat géif fir Frust bei de Leit um Terrain suergen. Dat sot de Patrick Remakel am RTL-Interview e Mëttwoch de Moien. Hien ass de President vun der Enseignantsgewerkschaft SNE. D'Léisungsvirschléi géifen um Dësch leien. Nawell wier vun der Politik déi lescht zwee Joer net vill an den Haaptdossiere geschitt. Respektiv net op den Terrain gelauschtert ginn.

Ganz vill Input fir wéineg Output

De Schong dréckt, der Gewerkschaft no, ënnert anerem bei de Kanner mat spezifesche Besoinen. Fir de Ministère géif d'Prozedur am Mëttelpunkt stoen amplaz d'Kand. E Kand ze melle wier extrem schwéierfälleg. Et misst ee ganz vill Input gi fir wéineg Output. Dobäi missten déi Kanner jo awer séier an onkomplizéiert gehollef kréien. Dernieft huet de Patrick Remakel bedauert, datt bei der ganzer Saach och dacks net vill géif dobäi rauskommen. Do wier e Paradigmewiessel am Ministère néideg. Den SNE bleift och derbäi: d'Schoulpersonal misst méi breet opgestallt gi mat anere Beruffsbiller. D'Gebaier bräichten eng "Taskforce", fir d'Kanner direkt an onbürokratesch adequat betreien ze kënnen.

Wat de Litige tëscht der Personalvertriedung vun de Kompetenzzenteren an dem Educatiounsministère iwwert d'Tâche vum Personal betrëfft, ass de Patrick Remakel net an den Detail gaangen. Wann d'Staatsbeamtegewerkschaft CGFP, zu där den SNE gehéiert, deen Accord mam Minister fonnt hätt, da wier och den SNE der Meenung, datt dat e gudden Accord ass.

Déi ëffentlech Schoul muss méi diversifiéiert ginn amplaz ëmmer nei international Schoulen opzemaachen

Datt elo eng 6. international Schoul zu Lëtzebuerg opgoe soll, fënnt den SNE net gutt. Hei géif e parallelle Schoulsystem geschaaft ginn, amplaz Léisungen am Lëtzebuerger Schoulsystem ze fannen an d'Offer ze diversifiéieren. Fakt wier, datt d'Kanner eriwwer gewiesselt sinn. Dat géif schonn op Käschte vun der ëffentlecher Schoul goen. Fir den SNE misst d'Zil vill méi sinn, déi ëffentlech Schoul sou opzestellen, datt se der Populatioun gerecht gëtt. An deem Kontext begréisst den SNE och d'Alphabetiséierung op Franséisch, déi als Pilotprojet vun der Rentrée un a véier Grondschoulen ugebuede gëtt. Leider wier awer net am Virfeld mam Terrain driwwer geschwat ginn.

Den Dialog mam Educatiounsministère léisst, dem SNE-President no, allgemeng ze wënschen iwwreg. Et géif ee just informéiert ginn, mä et géif net méi diskutéiert ginn. Dat géif d'Leit granzeg maachen. Och fir méi Leit fir de Beruff ze begeeschteren, hätt den SNE vill Piste proposéiert, déi awer net vum Ministère ugeholl gi wieren. De Modell vun de Quereinsteiger wier just Gepléischters.

Quereinsteiger si just Gepléischters

Donieft géif de Personalmanktem bestoe bleiwen. Op de meeschte Plaze kéint keen Appui méi gehale ginn, well Leit feelen, sou de Patrick Remakel. Bal a kenger Gemeng wier et méi méiglech, eng richteg gutt Schoulorganisatioun z'offréieren, déi am Interessi fir all Kand wier.

D'Quereinsteiger wieren eng Reaktioun op eng Urgence gewiescht. Deemools hätt ee séier missten no Léisunge sichen. Duerfir hätt ee sech an der Zäit och net opposéiert. Mä Quereinsteiger wieren awer nëmme Gepléischters. An elo, wou de Modell no 5 Joer ausleeft, wieren nohalteg Léisungen néideg. D'Enseignantsgewerkschaft SNE hätt eng Abberzuel Piste proposéiert, ma de Ministère hätt se net ugeholl. Et wier weder eng Publicitéit fir de Beruff gemaach ginn, nach de Rekrutement op Masterniveau agefouert ginn.

Invité vun der Redaktioun: Patrick Remakel

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.