"Ëmmer manner Leit wäerte sech eng Wunneng kënne leeschten"
Där Meenung ass de President vun der Chambre Immobilière, deen en Dënschdeg eisen Invité vun der Redaktioun war.
Den Immobiliëmarché ass den Ament zimmlech ënner Drock. Et ass méi Drock am Portmonni vun de Leit an et gëtt méi schwéier, e Kredit ze kréien. Alt nees géifen eng Partie Leit ewechfalen. Ëmmer manner Leit wäerte sech an Zukunft eng Wunneng kënne leeschten, confirméiert de Jean-Paul Scheuren. De President vun der Chambre Immobilière war um Dënschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. D'Chambre Immobilière ass d'Federatioun vun den Immobilienagenten, de Syndicen an de Promoteuren.
Zu Lëtzebuerg sinn iwwer 70 Prozent vun de Leit Proprietär. Jidderee misst kënne senge Besoinen no dezent wunnen, mä de Jean-Paul Scheuren huet d'Fro opgeworf, ob dat muss an der Proprietéit sinn. De Marché vun der Locatioun wär senger Meenung no komplett vernoléissegt ginn. Et wäre wuel méi Sozialwunnenge gebaut ginn. Mä fir de Mëttelstand wär lounen ze deier, fir gläichzäiteg ze spueren.
D'Baukäschte sinn och amgaangen, enorm an d'Luucht ze goen an d'Material kënnt net erbäi, grad wéi d'Handwierker. D'Handwierk wier iwwerlaf, alles gëtt matenee gemaach. Jiddereen investéiert, de Staat an de Privatsecteur. Dem Invité vun der Redaktioun no misst an Zukunft méi industriell a méi préfabriqué gebaut ginn, deemno méi repetitiv fir Zäit an Opwand ze spueren.
D'Präisser um Wunnengsmarché hätte sech aktuell berouegt, Transaktioune sinn awer zréckgaangen. Promoteure riskéieren eng Prevente mussen ze maachen, éier d'Bank Sue léint. Oder si waarde mol of. An da riskéiert net genuch no ze kommen, fir Drock um Marché erauszehuelen, sou de Jean-Paul Scheuren.
De President vun der Chambre Immobilière bedauert op en Neits, datt d'Privatgesellschaften net bei der Constructioun vun abordabelem Wunnraum däerfe matmaachen. De Privatsecteur an déi ëffentlech Hand misste besser zesummeschaffen, fir méi ze bauen. En Haus vun enger ëffentlecher Wunnengsbaugesellschaft, wou een net däerf mat enger Plus-value verkafen, hält de Jean-Paul Scheuren – trotz méi niddregem Akafspräis – fir wéineg attraktiv. Dat wär éischter eng "Locatioun à long terme" wéi eng richteg Proprietéit.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.