Esou vill Kilometer Dokumenter hätt een aktuell beieneen, sot d'Direktesch vum Nationalarchiv. Si war e Mëttwoch eis Invitée vun der Redaktioun.

De Beruff huet sech immens geännert. De Klischee vum verstëbste Keller ass alles anescht wéi wouer. D'Digitalisatioun huet villes moderniséiert. Dat sot d'Direktesch vum Nationalarchiv e Mëttwoch de Moien als eis Invitée vun der Redaktioun. D'Josée Kirps ass schonn 19 Joer op deem Posten. Den Archivage ass wichteg, well et dem Staat an der Regierung eng gewëssen Transparenz no bausse gëtt. Ma Lëtzebuerg huet awer eréischt zanter 4 Joer een Archiv-Gesetz. Domat goufen endlech kloer Reegele geschaaft an et gouf och eng Uerdnung agefouert, wéi wat soll archivéiert ginn. Laang hätt de politesche Wëllen dozou gefeelt, seet d'Josée Kirps, ma duerch d'Uni Lëtzebuerg mat mëttlerweil ronn 100 Chercheuren, grad wéi dem Institut fir Zäitgeschicht, gouf den Archivage vill méi wichteg.

Mam Archivgesetz mussen och d'Dokumenter aus den iwwer 100 Verwaltunge klasséiert ginn. Do hätt een elo 7, Joer fir e sougenannten "Tableau de tri" auszeschaffen an domadder ze definéieren, wéi eng Dokumenter gehale ginn a wéi eng net. „Et ass eng enorm Aarbecht a 7 Joer ass sportlech," mee et géing ee gutt virukommen, sou d'Direktesch vum Staatsarchiv. Aktuell hätt ee ronn 50 Kilometer Dokumenter beieneen an dat neit Gebai, wat elo bannent 3 Joer um Belval soll entstoen, hätt Plaz fir 100 Kilometer. Aktuell kéimen am Joer dann och am Schnëtt 2-3 Kilometer derbäi.

Stéchwuert Digitalisatioun. Dat wier natierlech eng grouss Erausfuerderung, mee do géing ee schonn zanter 10 Joer mat verschiddene Pilotprojeten dru schaffen. Eng Email géing zum Beispill genee sou erfaasst gi wéi Pabeier, mä eben elektronesch. An dës ginn dann an elektronesche Siloe stockéiert, erkläert d'Invitée.

Rezent ass d'Josée Kirps dann och als nei Presidentin vum internationalen Archiv-Rot nominéiert ginn. Eng Aarbecht, op déi si sech vill géif freeën. Den Conseil huet 13 verschidde Branchen, vun europäeschen- iwwer amerikanesch- an afrikanesch Archivisten aus am Ganzen 160 verschiddene Länner a mat jeeweils ganz ënnerschiddlechen Erausfuerderungen. An op déi Defie géing si sech freeën. Mat dësem neie Posten kéint si dem Land donieft och eppes zeréckginn an et kéint ee weisen, dass de Grand-Duché sech net ze verstoppe bréicht.

Invité vun der Redaktioun: Josée Kirps

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.