Dee Bilan huet de Generaldirekter vum CGDIS en Donneschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun matgedeelt.

Dëse Summer waren d'Pompjeeën extra vill am Asaz wéinst sougenannte Vegetatiounsbränn. Wéinst der méintelaanger Dréchent huet et méi dacks op Felder, Wissen a Bëscher gebrannt. Dat huet de Paul Schroeder, de Generaldirekter vum CGDIS, als eisen Invité vun der Redaktioun confirméiert.

Vu Mëtt Juni bis elo gouf et 145 Asätz wéinst Bësch- oder Flächebränn. Soss an engem waarme Joer ass et d'Hallschent. An engem naasse Joer sinn et manner wéi 30 där Asätz am ganze Joer. 20 ware gréisser Flächebränn, dat anert ware méi kleng Feier. D'Pompjeeë géifen och ëmmer méi drop geschoult ginn, fir sou Bränn ze läschen, an och d'Material gëtt deementspriechend nogerëscht, well ee wuel méi dacks an Zukunft mat esou Feier wäert konfrontéiert sinn.

Vum selwe brennt – och bei der déckster Hëtzt – keng Wiss oder e Feld. Dat ass e Mythos. 9 vun 10 Bränn si vum Mënsch verursaacht. D'Haaptgrënn ass d'Zigarett, déi ewech geworf gëtt, a landwirtschaftlech Maschinnen. Och mam waarmen Auto op der Wiss parke ka schif ausgoen.

E Mythos ass och, datt en Elektroauto méi dacks brennt. Prinzipiell wier och en Elektroauto net méi schwéier ze läschen. Just wann de Batteriepak brennt, muss dee souzesoen an d'Waasser gezappt ginn. Net all Elektroauto, dee brennt, muss an de Container, sot de Paul Schroeder kloer.

Am neien, nationalen Zenter zu Gaasperech op der Cloche d'Or hätt ee sech mëttlerweil gutt agelieft. Et géifen och Iwwerleeunge lafe fir am Uelzechtdall eng nei Kasär anzeriichten.

Am Ganze schaffe beim CGDIS eng 800 haaptberufflech Leit, dovunner ronn 600 Beruffspompjeeën. Derbäi kommen 3.800 Fräiwëlleger, op 4.000 wëll ee kommen. Et melle vill Fräiwëlleger sech, mä si sinn haut net méi sou disponibel, hu manner Zäit, wéi dat soss mol war. Fir genuch Haaptberufflecher ze fannen, huet een déi leschte Kéier missen zweemol usetzen. Haaptviraussetzunge sinn, datt een déi 3 Landessprooche kann a sportlech ass.

Vun en Donneschdeg bis e Sonndeg ass hei zu Lëtzebuerg d'World Rescue Challenge, dat ass d’Pompjees-Weltmeeschterschaft mat bal 300 Rettungsleit aus 17 Länner. Accidenter ginn do simuléiert. 6 Pompjeeë musse sech ëm d’Affer bekëmmeren an dat gëtt da vu Riichter bewäert. Dat ass kee Concours, mä eng Léierveranstaltung fir eis, huet de CGDIS-Generalsirekter erkläert. Do gesäit een aner Methoden. Et ass awer och eng Méiglechkeet seng Aarbecht ze weisen. D’Leit kënnen och an den nationalen Zenter laanscht kucke kommen.

E Sonndeg ass den nationalen Dag vun der ziviller Sécherheet beim CNIS op der Cloche d’Or. De Boulevard Kockelscheier ass gespaart a Pompjeesmaterial gëtt ausgestallt. Demonstratiounen an Ateliere gi gemaach. Et gëtt och, um 11. September, eng Commemoratioun fir d'Pompjeeën, déi virun 21 Joer zu New York gestuerwe sinn. An d’Gebai kann een net, dat muss jo weider fir d’Noutfäll funktionéieren.

Invité vun der Redaktioun: Paul Schroeder

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.