D'LSAP ka mat de Steiermesuren, déi d'nächst Woch presentéiert ginn, liewen
E Freideg de Moie war den LSAP-Aarbechtsminister eisen Invité vun der Redaktioun.
An der Ried zur Lag vun der Natioun d'nächst Woch, respektiv am leschte Budgetsprojet virun den nächste Chamberwale wäerte "sécher" weider Steiermesuren ugekënnegt ginn. Dat huet den LSAP-Aarbechtsminister Georges Engel e Freideg de Moien hei op RTL garantéiert. Wéi eng Mesuren dat wieren, wollt hien net soen, well et um Premier an un der Finanzministesch wier, déi Mesuren ze presentéieren. D'Yuriko Backes hat jo schonn am Fréijoer Mesuren, fir d'Monoparentallen z'entlaaschten, an Aussiicht gestallt, souwéi d'Regierung d'Reform vun der Grondsteier an eng national Spekulatiounstax. De Georges Engel sot, dat wiere scho gutt Mesuren, mee et kéimen nach zousätzlech Mesuren "sécher" dobäi. Ob déi Mesuren d'LSAP zefriddestellen? Seng Partei kéint sech sécherlech virstellen, datt een nach kéint méi wäit goen, sou den Aarbechtsminister. De Georges Engel huet awer erkläert, datt et zu 3 Parteien an enger Koalitioun ëmmer eng Fro vu Kompromëss wier. A mam Kompromëss, deen d'nächst Woch presentéiert gëtt, kéint d'LSAP liewen.
Wat d'Iddi vun enger Aarbechtszäitverkierzung ugeet, huet den Aarbechtsminister ugekënnegt, datt eng Etüd zesumme mam Liser a mat der Uni ufanks vum Joer wäert virleien. Déi Etüd géing "à charge et à décharge" gemaach ginn, mee hien huet awer erzielt, datt gewëss Patrone sech bei him gemellt hunn, fir ze froen, d'Aarbechtszäit ze verkierzen. Dat géing nämlech hëllefen, fir Leit ze fannen. De Georges Engel huet donieft och erkläert, datt weider un engem Projet geschafft gëtt, fir et de Leit z'erméiglechen, ënner Konditioune Chômagegeld ze kréien, och wa se selwer demissionéiert hunn. Wat d'Mobbing-Gesetz ugeet, do géingen d'Aarbechten an der Chamberkommissioun weidergoen. An den Aarbechtsminister géing ganz intensiv un engem Gesetzprojet schafen, fir d'Aarbechtsrecht ze moderniséieren, fir neien Aarbechtsforme Rechnung ze droen. Zil wier et kloer, keen "drëtte Status" ze schafen, mee de Salarié an den Independant kloer z'ënnerscheeden.
Op d'Schnëttstelle mat der CSV a Saache Steieren an Aarbechtszäitverkierzung ugeschwat, huet de Georges Engel geäntwert, de Koalitiounsaccord géing nach ee Joer gëllen. No de Wale misst een da kucken, wat d'Resultat ergëtt. Hien huet deklaréiert, Blo-Rout-Gréng wier "eng gutt Koalitioun", mat där een "ganz vill erreecht" hätt. De Georges Engel gesäit et och "guer net esou", datt seng Partei géing vum OGBL gedriwwe ginn, well geschwë Wale sinn. D'LSAP wier eng eegestänneg Partei mat hirer eegener Meenung. An dat hätt een op der éischter Tripartite dëst Joer am Mäerz gesinn. Hien huet awer zouginn, datt et Liene ginn tëscht der LSAP an dem OGBL an déi géing een oprechterhalen.
Als Sportminister huet de Georges Engel dann och matgedeelt, datt d'Regierung nach keng Äntwert vun den Organisateure vum Tour de France krut. Lëtzebuerg wëll jo nees, datt eng Etapp eng Arrivée, respektiv en Depart am Grand-Duché hätt. D'Futtball-WM am Qatar, déi géing "e bësse laanscht" hie goen, och wann hie sech vill fir Futtball géing interesséieren. Hien huet op déi schlecht Aarbechtskonditiounen higewisen a souguer Aarbechter, déi gestuerwe sinn, fir d'Stadien am Qatar ze bauen, déi iwweregens eppes "Kënschtleches" wieren. Trotzdeem: d'Finall wäert hien awer "warscheinlech" kucken.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.