En Dënschdeg de Moie war d'Direktesch vum LISER, dem Lëtzebuerger sozio-ekonomesche Fuerschungsinstitut, eis Invitée vun der Redaktioun.

Als klengt Land mat enger ganz oppener Ekonomie, dierf een net mengen, datt et eng "Lëtzebuerger Ausnam" gëtt, wann Europa an d’Rezessioun rëtscht. An déi Rezessioun géing sécher kommen, esou d’Aline Muller, d’Direktesch vum Lëtzebuerger sozio-ekonomesche Fuerschungsinstitut, dem LISER, en Dënschdeg de Moien hei op RTL.

D'Covid-Kris an d’Finanz- a Wirtschaftskris vun 2008 hätt Lëtzebuerg nach verhältnisméisseg gutt iwwerstanen. Datt dat an der aktueller Kris och esou geet, wier awer net sécher. Der Ekonomistin no wiere bei de leschte Krise Spezifizitéite Lëtzebuerg entgéint komm. Esou zum Beispill de Fait, datt e Land, dat haaptsächlech op eng Finanzplaz berout, wärend der Pandemie vill konnt op Télétravail zeréckgräifen. Déi selwecht Spezifizitéite kéinten awer elo ëmgedréint "wéi doen". Et wier an hiren Aen "e bësse geféierlech" ze vill sécher an déi nächst Kris eranzegoen.

Wat déi aktuell Inflatounskris ugeet, sot d’Aline Muller, et dierf ee sech och keng Illusioune maachen: Lëtzebuerg importéiert 100% vum Pëtrol a Gas an 80% vun der Energie. D’Fro wier, wien déi Facture bezilt: d'Leit, d'Betriber oder déi zukünfteg Generatiounen. Si huet awer och erkläert, datt d’Inflatioun zu Lëtzebuerg net just op d’Energiepräisser zeréckzeféiere wier, well déi hei am Land an am Verglach mam Ausland nach e relativ klengen Undeel vum Budget vun de Leit géing maachen. De gréissten Deel vun der Inflatioun wier der Ekonomistin no duerch d’Reprise vun der Demande no der Pandemie z'erklären. Eng Reprise, déi zu Lëtzebuerg méi staark wier ewéi op anere Plazen.

An deem Zesummenhang huet d’Direktesch vum LISER bedauert, datt d’Mesure vun der Tripartite, haaptsächlech d’Bremsen op d’Energiepräisser, d’Resilienz vum Grand-Duché net gestäerkt hätt. Weder déi vun de Betriber, nach déi vun den ënneschte Revenusklassen, déi am meeschte géingen ënnert der Präisdeierecht leiden. Dowéinst huet d’Aline Muller sech fir méi geziilte Mesurë fir déi Leit ausgeschwat, mee och fir strukturell Reformen a mëttel- a laangfristeg Investitiounen. Engersäits fir de Klima an anerersäits weider an d’Digitaliséierung. Si huet awer bedauert, datt ewéi vill Ekonomisten et och soen, eng "confortabel" Situatioun, sou wéi Lëtzebuerg se lo laang gehat hätt, den Ureiz fir sech ze veränneren, géing ofschwächen.

Eng déifgräifend Steierreform, déi d’LSAP vum Regierungspartner, der DP, verlaangt, wier hirer Meenung no och effektiv noutwendeg. Mee dem Aline Muller no wier et "riskant" an engem Waljoer nach esou eng Reform z’ënnerhuelen. D’Ekonomistin huet virun "Irrationalitéit" gewarnt a recommandéiert, datt een dat mécht, wann net esouvill politeschen Drock do ass. Op d’Fro, ob d’Leit an de Staat da misste méi spuersam sinn, huet d’Aline Muller geäntwert, et wier net de Moment fir eng Spuerpolitik, mee och net fir eng Politik vun der Strenz.

Invité vun der Redaktioun: Aline Muller

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.