Dat fuerdert d'Lëtzebuerger Historikerin als eis Invitée vun der Redaktioun.

Den Antisemitismus zu Lëtzebuerg vum 19. bis an d'21. Joerhonnert war de Méindeg de Moien Thema bei eis um Radio. D'Lëtzebuerger Historikerin Renée Wagener hat 2017 e Buch iwwer déi jiddesch Minoritéit zu Lëtzebuerg geschriwwen a war Invitée vun der Redaktioun. Um Ursprong vun der Dissertatioun, aus där dunn e Buch gouf, stoung d'Fro, firwat zu Lëtzebuerg am 2. Weltkrich, ënnert der Nazi-Occupatioun, relativ wéineg jüddesch Famille gehollef kruten, wärend zum Beispill bei den Zwangsrekrutéierte vill Jongen Hëllef kritt hunn a verstoppt goufen.

Antisemitismus fréier

Am 19. Joerhonnert koum den Antisemitismus méi aus dem kathoulesche Milieu, wou et vill Ressentimenter gouf. Bis an d'20. Joerhonnert huet sech dat dunn awer an der ganzer Gesellschaft verbreet. Am Verglach mat anere Länner gouf et am Grand-Duché wärend dem Zweete Weltkrich éischter e latenten an zeréckhalenden Antisemitismus. Kierperlech Ausernanersetzunge goufen et manner, ma dofir an den 30er Joren awer zum Beispill Butteker vu Judden, déi beschmiert goufen a streng riets Gruppéierungen hu Flyere verdeelt mat Parollen, déi Judden ofleenen, esou d'Historikerin. Et wiere ganz vill verschidden Zorte vun Antisemitismus beieneekomm. Besonnesch am kathoulesche Milieu goufen et zum Beispill och Tendenzen, fir an de reliéisen Antisemitismus och nach rassistesch Elementer dranzeleeën. Also dass d'Judden eng Rass sinn, déi eng Welt-Verschwierung géing plangen an donieft gouf et och am Aarbechtermilieu antikapitalisteschen Haass op Judde mat ville Virurteeler, wéi zum Beispill, dass all d'Judde räich sinn an d'Leit beducksen.

Antisemitismus haut

Och haut gëtt et nach Antisemitismus zu Lëtzebuerg, wann och manner wéi an anere Länner. Grafsteng, déi beschmiert ginn, sinn déi eng Saach, ma notamment op Facebook géing ee vill antisemittesch Aussoe gesinn. Der Historikerin hirer Aschätzung no ass et och eng Verharmlosung vun der Shoah, wa sech Covid-Skeptiker mat Juddestär um Aarm géint sanitär Mesurë manifestéieren.

Da géing et och ee lénken Antisemitismus ginn, wou et vill ëm de Konflikt Israel-Palestina dréint, wou israelesch Zaldoten a Karikaturen ofgebillt gi wéi SS-Leit aus dem 2. Weltkrich. Dat géing ee leider och hei am Land nach vill a Facebook-Poste liesen, esou d'Renée Wagener.

Mat Opklärung a Bildung géint den Antisemitismus kämpfen

Vill Stereotyppen a Virurteeler géingen dacks vun enger Generatioun op déi aner iwwerdroe ginn an dofir fuerdert d'Renée Wagener méi Opklärung iwwer den Antisemitismus. Notamment d'Schoulen hätten hei e grousse Rôle ze spillen, ma och d'Medien an d'Journalisten. Doriwwer eraus misst de Staat méi maachen. Am Staatsministère wier dofir elo eng Persoun agestallt ginn, déi sech méi spezifesch ëm de Problem vum Antisemitismus zu Lëtzebuerg soll këmmeren. Et missten och wëssenschaftlech Analyse gemaach ginn, wou antisemittesch Aussoen a Phenomener an eiser Gesellschaft opkommen a wat ënner Jonke fir eng Sprooch benotzt gëtt, esou d'Renée Wagener.

Invité vun der Redaktioun: Renée Wagener

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.