En Dënschdeg de Moie war ënnert anerem d'Upassung vun der Steiertabell Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Invité vun der Redaktioun: Gilles Roth

Wann een d’Steiertabell net upasst, ass et eng Steiererhéijung duerch d’Hannerdier. Dat seet de Gilles Roth, Co-Fraktiounschef vun der CSV. Hie war e Méindeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.

Et géif net stëmmen, datt eng Upassung vun der Steiertabell un d’Inflatioun net responsabel wier, wéi d’Finanzministesch e Méindeg am RTL-Interview sot. Et wier irresponsabel, de Leit manner Kafkraaft ze ginn, doduerch datt een d’Steieren erhéicht. Well wann een eben d’Steiertabell net upasst, wär et eng Steiererhéijung an dat wär dat falscht Signal. D'Leit hätte méi héich Käschten a missten elo entlaascht ginn.

Eng Upassung vun der Steiertabell un d’Inflatioun géif och net méi wéi eng Milliard kaschten, wéi d'DP-Ministesch sot, mä 600 Milliounen. Wa 500 Milliounen do sinn, missten och déi zousätzlech 100 Milliounen Euro opbruecht ginn, mengt de Gilles Roth.

D’Leit géifen ze vill Steiere bezuelen. Bei engem Joresakommes vu 45.000 Euro, déi een ze versteieren hätt, wär een um Spëtzesteiersaz vu 40%. Wann ee 5.000 Euro brutto géif verdéngen an een zum Beispill 100 Euro méi an der Pai géif kréien, géif de Staat dovunner 40 Euro kréien. Dat wär ze vill. Schaffe goe misst sech lounen.

Duerch d’Net-Upasse vun den Indextranchen hätten d’Leit dat, wat se sollte kréien, virfinanzéiert. Mat all Net-Upassung vun der Steiertabell géif de Staat tëscht 275 an 300 Milliounen Euro méi era kréien. Dat wäre bei 6 Indextranchen 1,8 Milliarden.

D'Energie-Steierkreditter zum Beispill wieren eng zäitlech begrenzten Hëllef an eng Drëps op de waarme Steen. Eng Upassung vun de Steiertabell wier dogéint eng laangfristeg, strukturell Hëllef, déi och previsibel wier. D'CSV stéing kloer hannert dem Sozialdialog, sou nach de Gilles Roth. Den Index wier en Deel dovunner a soll dowéinst och ausbezuelt ginn. D'Betriber sollten awer gehollef kréien, wann et ze vill Tranche gëtt an d’Entreprisen dowéinst Problemer kréien.

De Finanzministère präziséiert:

Eng Upassung vum Steierbarème un d’Inflatioun géif 600 Milliounen Euro pro Joer, bei 5 Tranchen kaschten. Et handelt sech em déi 5 Tranchen, déi tëscht dem Januar 2017 an dem Abrëll 2022 erfall sinn. Wann een elo nach déi vum Februar huele géif, dann wieren et 6 Tranchen, bei engem Käschtepunkt vun 720 Milliounen Euro. Wann een déi am Abrëll nach dobäizielt, da wieren et  840 Milliounen Euro.

Eng Adaptatioun vum Steierbarème par konter, wéi se vun der CSL proposéiert gouf an zu där d’Ministesch am Interview Stellung geholl huet, géif en Déchet fiscal vun ronn 1 Milliard Euro pro Joer duerstellen.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.