Risiko vu moderner Sklaverei ass grouss, och am räiche Lëtzebuerg
Den Accès op Gesondheetsversuergung ass e Mënscherecht an an dem Beräich gëtt Lëtzebuerg nach kee ganz gutt Bild of, esou den Dr. Bernard Thill.
Dat sot den Dr. Bernard Thill. De President vun Médecins du Monde Lëtzebuerg war e Méindeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.
Pilotprojet CUSS: Prozedure sinn ze komplizéiert
Zanter Abrëll leeft de Pilotprojet "CUSS" (couverture universelle des soins de santé) mat 5 ONGen, fir eng universell Gesondheetsversuergung fir all Mënsch ze garantéieren - och fir Leit ouni Pabeieren. Bis ewell hätten awer nëmme knapp 100 Patienten dovunner profitéiert, well d'Prozeduren ze komplizéiert sinn. Déi Concernéiert musse schonn op d'mannst 18 Joer hunn, 3 Méint am Land sinn, eng aktuell Carte d'Identité hunn an noweisen, datt se keen Akommes hunn. Dat wier immens komplizéiert, fir alles ze préiwen an nozeweisen. Am Januar gëtt de Projet elo evaluéiert (eigentlech sollt et am Dezember sinn) an do ass et den Appell un déi concernéiert Ministèrë fir nozebesseren an d'Prozeduren ze vereinfachen.
D'Zuel vun de Patienten, ëm déi sech Médecins du monde bekëmmert, wier allgemeng geklommen: Covid-bedéngt an och duerch d'Migratioun. 2021 waren et ronn 1.500 Leit. Et schätzt een awer, dass et op d'mannst duebel sou vill Leit sinn, déi hei am Land Hëllef bräichten. 6% vun de Patiente kommen aus Lëtzebuerg. De Gros aus Ost-Europa an Nordafrika.
Erschreckend Constaten
De Weekend huet Médecins du Monde dann och hiren éischten Observatoire national presentéiert iwwer den Accès op d'Gesondheetsversuergung. Wie sinn déi 1.500 Leit, déi betreit ginn, wou komme se hier etc. Do hätt een erschreckend Constate gemaach. Et wier inacceptabel, dass hei am Land souvill Leit liewen, déi deelweis schonn 10 Joer hei sinn, ouni Pabeieren, ouni feste Wunnsëtz an ouni Aarbecht. 92 Prozent vun den 1.500 Persoune wiere Schwaarzaarbechter, déi riskéieren ausgebeut- an Affer vun modernem Sklaventum ze ginn, kritiséiert den Dr Thill. Besonnesch d'Frae géingen an enger extrem geféierlecher Situatioun liewen, wou se Gewalt a Mëssbrauch ausgesat wieren. Als räicht Land an als Gesellschaft kéinte mer esou Mëssstänn eigentlech net erlaben. Mir missten eis schummen. Däitschland, d'Belsch a Frankräich wieren do vill besser opgestallt.
En Vue vum Superwaljoer fuerdert Médecins du Monde dofir, dass de Pilotprojet CUSS eng legal Basis kritt. Falls d'Regierung géing changéieren, wéilt een net, dass den universellen Accès op d'Gesondheetsversuergung nees géing verschwannen. Dat wier een elementaart Mënscherecht.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.