Dat sot de Romain Schmit, Generalsekretär vun der Fédération des Artisans, en Donneschdeg de Moien an eiser Emissioun Invité vun der Redaktioun.

D'Handwierk huet egal wéi eng Zukunft, sou de Romain Schmit. De Generalsekretär vun der Fédération des Artisans huet domat op d'Kriticke vum Invité vun e Mëttwoch Christian Turk, President vun der Amelux, reagéiert.

Eleng scho fir alleguer d'Energie- an d'Klimatechnike ginn Handwierker gebraucht. Wann een aus der Klima- an Energiekris eraushëllefe kéint, da wieren d'Handwierker an Techniker. Datt een net genuch Handwierker wier net nei. Dat hätt, dem Romain Schmit no mat de Problemer an der Schoul, awer och mat der Mentalitéit vun de Leit ze dinn.  Do misst sech an de Käpp nach villes doen.

Den DAP soll opgewäert ginn, awer net vun haut op muer

En DAP, also e Gesellebréif, un d'Première adaptéieren, dat wier sécher net vun haut op muer méiglech, sou de Vetrieder vun der Fédération des Artisans. Dofir misst ee schonn e laangen Otem hunn. Déi lescht Joren wier deen DAP nämlech virun allem ofgewäert ginn an alles gemaach ginn, fir datt jiddereen deen Diplom sollt kréien.

Jo, den DAP soll opgewäert ginn, sou de Romain Schmit an d'Formatioun déi Qualifikatioune kréien, déi d'Betriber och brauchen. Och d'Maîtrise sollt op deen Niveau bruecht ginn, deen um Terrain gebraucht gëtt. An duerno kéint een dann och iwwert d'Revaloriséierung schwätzen.

Op den neie Gehälteraccord an der Fonction publique ugeschwat, sot de Romain Schmit, en hätt schonn interessant Aspekter, mä huet awer och d'Fro gestallt, firwat et elo iwwerhaapt e Gehälteraccord brauch.  D'Schéier mam Privatsecteur géif doduerch just nach méi grouss ginn. Positiv wier allzäit awer, datt déi annoncéiert Punktwäerterhéijung zäitlech limitéiert ass.

Bis zu 1500 Wunnenge manner d'nächst Joer

Dem Romain Schmit no wieren an alle Secteuren am Handwierk den Ament d'Margen am fräie Fall. Dat hätt eng Enquête déi lescht 2-3 Wochen erginn. De Secteur vermësst Previsibilitéit fir déi nächst zwee Joer. Et géife weider grouss Liwwerproblemer an d'Betriber kéinten nach laang net hir Käschten all weiderginn. Dobäi wiere se duerch d'Inflatioun, déi héich Energiepräisser an d'Haussen um Salaire fatzeg ënner Drock.

D'nächst Woch wëllen d'Vertrieder vum Bau konkret Propose maachen, wéi een duerch déi ablécklech Kris kéint kommen. Et gëtt nämlech gefaart, datt och wann de Staat seng Investitiounen weider héich hält, 1.500 Wunnengen d'nächst Joer manner gebaut wäerte ginn. Wéinst den héijen Zënsen an den annoncéierten neie Gesetzer am Logementer.

Ënnerstëtzung fir d'Handwierk, fir Entloossungen z'evitéieren

Allgemeng fuerdert d'Fédération des Artisans misst d'Handwierk déi nächst zwee Joer vum Staat ënnerstëtzt ginn. Anerefalls géif ee riskéieren, datt Betriber Leit entloosse missten. An da kéint een all d'Erausfuerderungen, déi notamment d'Energietransitioun mat sech bréngt, net packen. Den Ament géif ee scho mierken, datt de Manktem vu Main d'oeuvre, dee jorelaang beklot gouf, amgaange wier, zréckzegoen.

Wat den Index ugeet, huet de Romain Schmit virausgesot, datt d'Präisser d'nächst Joer wuel weider wäerten an d'Luucht goen. Donieft géifen d'Betriber mat der Fro konfrontéiert ginn, ob se wierklech all d'Leit brauchen, déi fir se schaffen.

Invité vun der Redaktioun: Romain Schmit

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.