E Freideg de Moie war de Lëtzebuerger Autosmarché Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Zejoert si sou wéineg nei Autoen an Europa immatrikuléiert ginn wéi zanter 30 Joer net méi an et gesäit de Moment och nach net sou aus, wéi wann den Trend wierklech gebrach géif, sou de Porte-Parole vum House of Automobile e Freideg de Moie bei eis op der Antenn. Hie war eisen Invité vun der Redaktioun am Kader vum Autosfestival.
Vill Leit géifen den Ament ofwaarden, ier se en neien Auto kafen, well se net wëssen, wat kënnt. Zemools mat der Elektromobilitéit. Een, dee lo net onbedéngt en neien Auto brauch, dee keeft den Ablack keen, sou de Gerry Wagner. Enn des Joers gëtt sech erwaart, datt et besser geet. Bis dohinner misst een awer nach méi laang Waardezäiten arechnen.
Grouss Autoen ginn ëmmer méi zum Luxusartikel
D'Präisser vun den Autoe ginn ëmmer weider an d'Luucht. D'Demande wier den Ament à part héich, well net vill Autoen um Marché sinn. Vill Konstrukteuren hätten d'Präisser missten eropsetzen duerch d'Liwwerproblemer bei de Stécker an duerch d'Pandemie. D'Präisser fir Elektroautoe wiere leider och net sou erofgaangen, wéi ee sech dat erwaart hätt. An engem gewëssene Sënn wiere grouss Autoen ëmmer méi e Luxus, sou de Gerry Wagner. Duerfir géif d'Tendenz och ëmmer méi zu méi klenge Ween goen. Virausgesat et kritt een een. Den Ament géif ee bei den europäeschen Autobauer nämlech éischter e gewëssenen Trend gesinn, fir haaptsächlech op d'Luxussegment ze setzen, well d'Margen do méi grouss sinn. D'Konstrukteure géife léiwer hir limitéiert Piècen a méi deier Autoen abauen, wéi a méi e klengen, mat deem manner Sue verdéngt sinn. Dobäi géifen déi aner Autoen u sech ëmmer méi gebraucht. Virun allem bei den Elektroautoe géife kleng Ween feelen. De Gerry Wagner vum House of Automobile gesäit doranner e gewëssene Risiko. Et géif ee gesinn, dat chineesesch Produzente versichen op den europäesche Marché eranzekommen, fir déi Demande ofzedecken. Fir déi géif esou eng grouss Dier opgoen a qualitéitsméisseg géife si ëmmer besser ginn.
Ëmmer méi Leasing gefrot
Wéinst den héije Präisser an den héijen Zënse boomt den Occasiounsmarché den Ament. An et gräifen och ëmmer méi Leit op eng Leasing-Optioun zréck, besonnesch fir en Elektroauto.
Op méi laang Siicht geet de Spriecher vum House of Automobile zwar dovunner aus, datt d'Autospräisser zréckginn. Fir d'Elektromobilitéit weider unzedreiwen, missten déi staatlech Primmen awer op alle Fall bäibehale ginn. Soubal d'Primmen erofginn, géif een nämlech direkt gesinn, datt och d'Demande ofhëlt.
Elektromobilitéit developpéiert sech net séier genuch
Zejoert hunn d'Elektroautoe 15% vun de Venten ausgemaach. Den Trend géif no uewe weisen, awer net séier genuch, fënnt de Gerry Wagner. Datt sech den Elektroauto net scho méi duerchgesat hätt, läit senger Meenung no un der Onsécherheet vun de Leit, awer och un de Präisser fir den Auto respektiv de Stroum an och un der Infrastruktur. Groussen Nohuelbedarf géif et haut besonnesch nach bei den Elektrobornen a Residenzen. Dem Spriecher vum House of Automobile no rechent sech elektresch fueren awer alle mol. Ënnert dem Stréch wier et sécher méi bëlleg Elektroauto ze fuere wéi e Verbrenner.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.