Wolz kritt eng nei Klinik an en IRM. D'Gemeng Wolz an den CHdN, d'Nordspidol, schaffen dofir zesummen.
Et wier e Win-Win fir d'ganz Regioun, sot de Generaldirekter vum CHdN Dr. Paul Wirtgen an eiser Emissioun "Invité vun der Redaktioun."
De Centre Hospitalier du Nord wär net nëmmen Ettelbréck, mä eng Fusioun tëscht Wolz an Ettelbréck. D'Strategie wier, déi zwee Sitten z'entwéckelen. Wolz wéilt ee méi breet opstellen an an d'Schlasskéier zu Wolz kënnt eng nei Klinik, zwar ouni Better, mä mat ambulanten Operatiounen, Röntgen a klengen Urgencen. Ausserdeem e grousse Parking an e Centre médical mat Dokteren.
D'Baugeneemegung fir de Projet Schlasskéier wäert séier kommen, mengt den Dr. Wirtgen. 2026 soll déi nei Spidolsstruktur zu Wolz opgoen. Och den IRM wäert heihinner kommen.
Wolz soll awer schonn am Hierscht en IRM kréien, an d'Spidol St. Joseph. Den Dossier wär am Ministère. Am Spidol hätt een de passende Raum, sou datt dat relativ séier kéint goen. Duerno plënnert den IRM da wéi gesot an de Centre Schlasskéier.
Wat d'Maternité zu Ettelbréck ugeet, déi zejoert zwee Méint laang zou war, géif elo alles "tipptopp" lafen. Et wär wéi och virdrun eng Maternité fir Net-héich-Risikofäll. Déi kommen an de CHL. Eemol de Mount misst eng schwanger Fra an d'Stad transferéiert ginn a manner wéi eemol de Mount e Puppelchen.
6 Kardiologen hate jo och annoncéiert, datt se d'Spidol wéilte verloossen. De CHdN géif weider no neien Doktere sichen, mä et hätt een och nach d'Hoffnung, datt d'Kardiologen awer villäicht dem Spidol erhale bleiwen. Nach wär een an Diskussiounen.
Datt de CHdN zejoert e puer Mol manner positiv Press hat, nennt de Generaldirekter "absoluten Zoufall". Et wär een extrem an d'Zukunft orientéiert an extrem dynamesch an der Responsabilitéit. Déi lescht 5 Joer hätt een eng 80-90 Dokteren agestallt. Mä an eenzele Fachberäicher géifen allgemeng Doktere feelen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.