D'Corinne Cahen léisst fir den Ament nach op, ob si bei de Chamberwalen am Oktober fir d'DP matgeet a wie si, au cas où, am Familljeministère ersetze géif.
D'DP-Familljeministesch war e Freideg de Moien eis Invitée vun der Redaktioun. Déi aktuell Ministesch ass jo Kandidatin vun de Liberale fir d'Gemengewalen an der Stad. DP-Spëtzekandidate sinn d'Lydie Polfer an de Patrick Goldschmit. D'Wieler géifen decidéieren, wien um Enn Buergermeeschter oder Buergermeeschtesch vun der Stad gëtt, sot d'Corinne Cahen. Si géif déi Roll iwwerhuelen, déi de Wieler hir géif ginn. Wa si an de Gemengewale gewielt gëtt, demissionéiert si (wéi dat muss sinn) aus der Regierung. Si hätt ëmmer gären u Projete geschafft an de Projet "Stad Lëtzebuerg" reizt si also an Zukunft.
Si géif mat an d'Gemengewale goen, well se sech wéilt an hirer Stad abréngen. Et géife Risen-Erausfuerderunge ginn: d’Zesummeliewen, wéi wéilt ee sech deplacéieren a wéi wéilt een an Zukunft an der Stad liewen? Am Respekt mam Klimawiessel.
D'Corinne Cahen huet fir méi en autofräie Stadkär plädéiert, wou den Auto ronderëm d’Stad seng Plaz hätt. Et géif ëm d'Liewensqualitéit an der Stad goen. Datt dat am Widdersproch wär zu der aktueller DP-Politik ënnert dem Lydie Polfer, léisst d'Corinne Cahen net gëllen. Et wär eng Evolutioun an et géif ee weider goe mat der Zäit.
Der CSV hire Choix vum Luc Frieden als nationale Spëtzekandidat fir d'Chamberwale wollt si net kommentéieren. Si kéint just soen, datt d'DP fir eng modern Politik géif stoen.
D'Tatsaach, datt sech bis elo eréischt wéineg Net-Lëtzebuerger fir d'Gemengewalen ageschriwwen hunn, géif net onbedéngt dru leien, datt ze wéineg Reklamm derfir gemaach géif, sou d'Corinne Cahen. Et géif ee vill maachen, mä et kéint een et nach verbesseren. Mä d’Leit missten d'Walen spieren, fir dee Schrëtt ze maachen. Am Januar hätte sech dräi mol méi Leit ageschriwwen wéi nach an de Méint virdrun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.