E Méindeg de Moie waren d'Reformen am Aarbechtsrecht Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Den Aarbechtsminister huet de Virworf vum OGBL et géing e "Reformstau" a sengem Ministère ginn e Méindeg de Moien hei op RTL net gëlle gelooss. De Georges Engel huet erkläert, datt wärend den 2 Joer vun der Covid-Pandemie d'Aarbecht a sengem Ministère extrem zougeholl hätt. D'Zuel vun der Demande fir Kuerzaarbecht wier vu 15 bis 20 de Mount virun der Pandemie op 14.000 explodéiert. Donieft wier säi Ministère eng Zäit laang fir d'Covid-Hotline responsabel gewiescht a fir d'Verdeelung vun de Schnelltester an de Betriber. "Reformstau, dat kléngt ewéi wa mir de Stau provozéiert hätten."
Diskussiounen nach amgaang
Dat géing awer net heeschen, datt ee bei de Reformen, déi am Koalitiounsaccord vun 2018 virgesi waren, net virukomm wier, sou den Aarbechtsminister. A Punkto Maintien dans l'emploi géing am Comité permanent du travail et de l'emploi (CPTE) géing iwwert e "Skills-Plang" diskutéiert ginn (e "Kompetenzplang" op Lëtzebuergesch, nvdr) an hie géing geschwënn e Gesetzprojet deposéieren. D'selwecht gëllt, wat d'Reform vun der Weiderbildung ugeet. Ufanks dës Joer soll dann och d'Etüd iwwert d'Kollektivverträg virleien, wou een da kéint kucken, wou d'Hick-Hacke sinn, déi misste behuewe ginn. Zil wier dozou ze kommen, datt méi Betriber Kollektivverträg mat hire Salariéen aushandelen.
Etüd iwwert d'Aarbechtszäit am Abrëll
Och mat der Etüd iwwert d'Aarbechtszäitverkierzung rechent de Georges Engel mat Ufanks Abrëll. Den LSAP-Minister huet awer scho betount, datt d'40-Stonne-Woch an de Betriber funktionéiert hätt. Duerch d'38-Stonne-Woch an der LSAP-Fraktioun, déi hien als Fraktiounschef 2021 agefouert hat, wier d'Aarbecht a sengen Ae och net méi schlecht ginn. An den Aarbechtsminister huet donieft drun erënnert, datt duerch d'Aféiere vun engem zousätzleche Congésdag an e weidere Feierdag 2019, d'Aarbechtszäit scho verkierzt gouf.
Kommen dann déi Gesetzprojete virun de Walen den 8. Oktober op d'mannst nach duerch de Regierungsrot? Dat wier natierlech d'Zil, esou de Georges Engel.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.