En Donneschdeg de Moie war d'Situatioun um Energiemaart Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Aktuell gräifen d’Hëllefe vum Staat géint héich Gas- a Stroumpräisser. Mä wat ass, wann dës Mesuren auslafen? Wéi ass d’Situatioun um Energiemaart aktuell? Dat hu mir en Donneschdeg de Moien de Generaldirekter vun Enovos Erik von Scholz gefrot.
Fir 2024 gëtt et vill Ongewëssheeten. Aus der Perspektiv vun haut kéint een nach net soen, wat geschitt. Dat sot de Generaldirekter vun Enovos als eisen Invité vun der Redaktioun. Trotz staatlechen Hëllefe géing ee mierken, dass ronn 10% manner Stroum a Gas verbraucht ginn. D'Spuermoossname sollten awer weidergefouert ginn, esou den Erik von Scholz. Aktuell wier d'Situatioun stabil an d'Versuergung garantéiert, et sollt een awer och méi laangfristeg denken.
Energieminister ass fir d'Verlängerung vum Präisdeckel
Enn vum Joer lafen déi staatlech Hëllefe bei den Energiepräisser jo aus. Och wann d'Präisser um Marché aktuell däitlech erofgaange sinn, missten d'Clienten ouni Hëllefen och elo scho substanziell méi bezuelen. Dem Erik von Scholz no wier et warscheinlech, dass dës Mesure dowéinst géing weidergefouert ginn.
Op Nofro heescht et aus dem Energieministere, dass d'Verlängerung vun de Moossnamen, respektiv eventuell nei Mesuren, op der nächster Tripartite diskutéiert ginn. Dës gëtt jo aberuff, well de Statec eng weider Indextranche an dësem Joer virausgesäit. Ma den Energieminister Claude Turmes schwätzt sech kloer fir eng Verlängerung vum Präisdeckel aus.
Natierlech wier et awer un der Majoritéit no de Walen vum 8. Oktober, fir eng definitiv Decisioun ze huelen, heescht et aus dem Energieministere. Et géing awer drëm goen der de Betriber Previsibilitéit an der nächster Regierung Handlungsspillraum ze ginn.
Nervositéit a Präisschwankunge solle verhënnert ginn
Et wier elo mol wichteg, sech op dëst Joer ze fokusséieren. Sou enorm Präisschwankungen, wéi et se leschte Summer gouf, missten op alle Fall verhënnert ginn. Dofir wieren och vill Kapazitéiten an den Ausbau gestach ginn, zum Beispill vun LNG-Häfen oder erneierbar Energien.
Fir de Client wier et esou, dass Enovos ëmmer géif probéieren, duerch eng intelligent Akafspolitik, d’Präisser méiglechst niddreg ze halen.
Haut stéing ee bei ongeféier 60 Euro pro Megawatt d’Stonn. Dat ass e gutt Stéck manner wéi déi 300 Euro vu leschtem Summer, awer och däitlech méi, wéi déi 10 Euro, wou een och scho mol louch.
Den europäesche Präisplaffong vu maximal 180 Euro d’Megawatt Stonn géif och eng gewëssen Nervositéit aus dem System huelen. Och wann dësen den Ament jo net gräift, well de Marchéspräis drënner läit. Duerch déi verschidde Mesuren hätt ee besser Aussiichten op Stabilitéit.
D'Versuergung duerch eege Solarpanele motivéiert fir den Ausbau
Fir Stabilitéit géing kuerzfristeg d'Spueren hëllefen, laangfristeg awer eng méi diversifiéiert Versuergung. Well op verschidden Niveauen ausgebaut gëtt, mengt de Generaldirekter vun Enovos och net, dass eng nei Ofhängegkeet vis-à-vis vun den USA géing entstoen. Grouss Quantitéite vum Flësseggas kommen nämlech aus den USA, mä och aus anere Länner.
Doriwwer eraus bemierkt ee beim Energiebedreiwer Enovos, dass d'Nofro no erneierbaren Alternative grouss ass, esou den Erik von Scholz. Notamment hätt Enovos eng 400 Ufroe kritt, fir d'Energie, déi duerch d'Solaranlag um eegenen Daach produzéiert gëtt, selwer ze notzen. Dat wier soss net esou gefrot ginn.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.