E Méindeg de Moie war de Klimawandel Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Effektiv ass et esou, dass och den Ament nach a verschiddene Regioune vun der Schwäiz bal keen oder guer kee Schnéi läit. Dat sot den Andrew Ferrone e Méindeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. De Klimatolog a Chef vum ASTA-Meteoservice am Landwirtschaftsministère huet vun enger exzeptioneller Situatioun an de Wantersport-Gebidder geschwat. Och zu Lëtzebuerg waren d'Temperaturen am Januar ëm 1,7 Grad ze héich. Natierlech kéint een vun engem eenzele Joer net soen, dass et den Klimawandel wier. Allerdéngs kéint ee festhalen, dass laangfristeg Temperaturen an d‘Luucht ginn, an dass doduerch de Schnéifall ënner 1500-2000 Meter zeréckgeet. Et misst ee sech also erwaarden, dass d’Schigebidder méi kleng ginn an den Alpen, an a Regiounen wéi dem Schwarzwald beispillsweis ganz verschwannen, sou den Invité.
Konschtschnéi ass keng Léisung
Mat Schnéikanounen ze schaffe wier keng Alternativ. Dat géing een am Fachjargon eng „Mal-Adaptatioun“ nennen. Konschtschnéi géing virop mat fossiller Energie produzéiert ginn an och vill Waasser verbrauchen, wat dann net méi als Drénkwaasser zur Verfügung géing stoen. Gletscher déi schmëlzen hätte grouss Konsequenzen op ganz Ökosystemer, virun allem op d’Flëss, wat dann Problemer mat sech bréngt op d’Drénkwaasser-Versuergung an op d’Landwirtschaft.
Wa Leit soen, dass se sou Wanteren scho virun 30 Joer gesinn hätten, an dass dat näischt Aussergewéinleches wier, da misst ee kloer den Ënnerscheed maachen tëscht Meteo a Klima, sou den Andrew Ferrone. D'Meteo wier vu Joer zu Joer variabel, ma de Klima géing een iwwer laang Perioden vun zum Beispill 30 Joer kucken. D'Extremer gi méi heefeg: Canicullen, Dréchenten an och Staark-Reen.
Mir hunn all eng Responsabilitéit
Et ass bewisen, dass de Klimawandel op d'Mënschen zeréckzeféieren ass an op hiren Ausstouss vun den Zäregaser. De Weltklimarot seet et wier nach méiglech d'Äerderwiermung op 1,5 Grad ze limitéieren an dofir hätt och all Eenzelen eng Responsabilitéit, sou den Andrew Ferrone. Eleng duerch dat individuellt Handele kéinte mer eis Emissioune bis zu 70 Prozent erofsetzen. Den nationale Klima-Observatoire hätt och zesumme mam LIST eng Analyse gemaach, bei der erauskomm ass, dass d'CO2-Emissiounen duerch de Konsum 70 Prozent méi héich si wéi dat wat an den offizielle Statistiken dran ass, an do géing och virop den Transport erausstiechen. Natierlech missten och d‘Entwécklungslänner do matzéien, dofir wieren och déi grouss Klima-Konferenzen esou wichteg, fir all Mënsch un een Dësch ze kréien, sou nach den Andrew Ferrone.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.