E Freideg de Moie war ënnert anerem d'Logementskris Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun" mat der grénger Fraktiounscheffin.

Bei der ëmstriddener Reform vum Loyersgesetz besteet Diskussiounsbedarf, esou déi gréng Fraktiounscheffin e Freideg de Moien op RTL. D'Josée Lorsché sot, hir Fraktioun wier sech mat den anere Regierungsparteien DP an LSAP doriwwer eens. Si wier och frou, datt hire Parteikolleeg, de Logementsminister Henri Kox, op den Dialog setzt, d'nächst Woch notamment op den Assises du logement. Am meeschte Géigewand huet seng Reform, well se virgesäit, datt ee just nach 3% amplaz aktuell 5% vum investéierte Kapital kann u Loyer froen. Well d’Zënsen an d’Luucht gaange sinn a ginn gëtt den Invest doduerch onrentabel. D’gréng Fraktiounscheffin huet sech dowéinst och fir Hëllef fir Leit ausgeschwat, déi wéinst engem Prêt mat Taux variable an d'Laberente geroden. D’Josée Lorsché huet e Freideg de Moien hei op der Antenn fir Steierkreditter plädéiert.
Och d’Decisioun vun der Regierung de Steieravantage beim Invest, den Amoritssement acceleré ze limitéieren, mécht de privaten Invest manner interessant. D’Josée Lorsché fënnt awer d’Iddi vun der CSV net gutt, deen ze retabléieren. Den Amortissement acceleré hätt an hiren Aen d’Präisser an d’Luucht gedriwwen.

Déi Gréng sinn éischter dofir, datt de Staat privat Wunn-Projeten opkeeft, fir "mol rëm Dynamik" an den Immobiliësecteur ze bréngen, dee jo "elle getraff ass". Dorobber ugeschwat, datt ëffentlech Bauträger – trotz liichter Verbesserung – déi lescht Joren nach ëmmer net genuch Wunnengen op de Marché bréngen, huet d’gréng Fraktiounscheffin geäntwert: "majo, et ass net fréi genuch ugefaange ginn", ëffentlech Suen an de Grapp ze huelen.

Léiwer Steierkreditter bis 7.500 Euro Brutto

Wat d’Tripartite an zwou Wochen ugeet, huet d’Josée Lorsché sech géint eng einfach Upassung vun de Steierbarèmen un d’Inflatioun ausgeschwat, well dovunner déi héich Gehälter am meeschte géinge profitéieren. Ausser et géing een – ewéi d’Gewerkschaften proposéieren - déi Upassung just bis e gewëssene Revenu maachen.

Déi gréng Fraktiounscheffin hätt léiwer de Crédit d’impôt "énergie" géing verlängert, respektiv an d’Luucht gesat ginn. Dee kritt ee jo bis e Brutto Joresakommes vun 100.000 Euro, mee vu 44.000 Euro un ass en degressiv. E war am Mäerz d'lescht Joer als Ersatz fir d'Indextranche, déi verréckelt gouf, agefouert a fält elo am Abrëll ewech. Géing et dem Josée Lorsché no goen, sollen déi Steierkreditter "bis an d’Mëttelschicht" eragoen, also bis dräi Mol den onqualifizéierte Mindestloun, also ronn 7.500 Euro Brutto de Mount. D’Berechnunge sinn awer nach net ofgeschloss an d’Diskussioune lafen. D’Tripartite ass och eréischt an 2 Wochen.

En "Team-Mënsch"

Ugeschwat op hir politesch Zukunft sot d’Josée Lorsché, si wier nach motivéiert. Si huet hir Kandidatur agereecht, fir Kandidatin bei de Chamberwalen den 8. Oktober ze sinn. Si war dräi Mol Spëtzekandidatin am Süden, mee wëll sech, wéi et schéngt, net imposéieren. D’Josée Lorsché huet nämlech d'Ëmweltministesch Joelle Welfring gelueft a sot vu sech, si wier solidaresch an en "Team-Mënsch".

Invité vun der Redaktioun: Josée Lorsché

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.