"Mir kënnen haut als Redaktioun ganz fräi schaffen"
En Donneschdeg de Moie war den 175. Gebuertsdag vun der gréisster Lëtzebuerger Dageszeitung d'Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Déi meescht geliesten Dageszeitung feiert hiren 175. Anniversaire a genee ewéi deemools géing et dem Roland Arens drëm goen, "gudde Journalismus" ze maachen.
An der éischter Editioun vum Lëtzebuerger Wort, den 23. Mäerz 1848, war den éischten Artikel eng Deklaratioun vun der Regierung: De Kinnek a Grand-Duc Wilhelm den Zweeten hat grad d’Pressefräiheet arrêtéiert.
Jo ass d’Press dann haut fräi? Well de Marché hei am Land kleng ass, ënnerstëtzt de Staat déi meescht Medie finanziell. Dat bedeit natierlech net, datt d’Regierung seet, wat d’Press soll oder net soll schreiwen a soen. "Dat ass evident", sou de Roland Arens. Allerdéngs misste Journalisten a Medien ëmmer nees selwer a Fro stellen, korrigéieren, wat falsch ass oder war. Oder nach Saachen nees opzeschaffen, ewéi zum Beispill wat wärend der Covid-Pandemie geschitt ass. Hien huet den US-Journalist Carl Bernstein zitéiert, dee sot: Et soll ee probéieren, "déi bescht erreechbar Versioun vun der Wourecht" ze fannen.
Ass d’Wort fräi, obwuel d’Zeitung traditionell eng staark Proximitéit zur CSV hat? 2017 war dem Roland Arens säi Virgänger de Jean-Lou Siweck nach forcéiert ginn ze goen, well dem Verwaltungsrot vu Saint-Paul a besonnesch dem President Luc Frieden, d’Zeitung ze kritesch mat CSV, mä och Bistum a Finanzplaz gi wier. Dorop ugeschwat huet den neie Chefredakter betount, d’Wort hätt nach ëmmer d’Ligne éditoriale, déi vum Jean-Lou Siweck 2015 geschriwwe gouf, an eng Distanz zu de politesche Parteie virgesäit. Hien huet och ënnerstrach, datt den neien Aktionär Mediahuis, deen 2020 de Grupp Saint-Paul iwwerholl hat, ganz vill Wäert op "onofhängege" Journalismus géing leeën.
Un der Iwwernam vu Saint-Paul duerch Mediahuis gesäit een, datt déi méi rezent Geschicht vum Lëtzebuerger Wort gepräägt war vu Restrukturatiounen. No enger Rei Sozialpläng déi lescht Joerzéngte gouf et mam neien Aktionär nees Entloossungen. Dat wier net flott, sou de Roland Arens, dee bedauert huet, vill Kolleegen a "journalistesch Substanz" verluer ze hunn. Hien huet sech awer doriwwer gefreet, datt d’Wort nees Leit astellt, dorënner Jonker, déi de "mindset" vun der digitaler Transformatioun hätten. Mä déi och manner bezuelt ginn: "Jo et ass ganz kloer, datt och Suen hu misse gespuert ginn", sou de Roland Arens, deen der Meenung ass, datt et dem Betrib haut "gutt geet".
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.