E Mëttwoch de Moie waren den Ukrain-Krich an déi geflücht russesch an ukrainesch Bierger zu Lëtzebuerg Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Dëse Krich huet kee kloert "Siegesbild" an kee kloert Zil an dofir wäert en och sou laang virugoen, wéi de Putin nach lieft. Dat fäert d'Inna Ganschow. D'Historikerin a Migratiounsfuerscherin vun der Uni Lëtzebuerg war en Donneschdeg de Moien eis Invitée vun der Redaktioun. Am Ufank hätt de Putin ëmmer dovunner geschwat, dass d'Invasioun vun der Ukrain eng "De-Nazifizéierung", eng "De-Militariséierung" an e Versuch wier, fir d'NATO un hir al Grenzen zeréckzedrécken. Mëttlerweil géing et awer nach ëmmer keng Indikatioun dofir ginn, wéi eng Victoire fir déi russesch Säit iwwerhaapt soll ausgesinn. Soll Kiew eruewert ginn? Soll Lwiw eruewert ginn? Wat ass u sech d'Zil? D'Zil wier dëse Prozess an d'Konfrontatioun. De Präis fir de Fridde wier innepolitesch elo méi héich fir de Wladimir Putin wéi de Krich, also géif de Krich weider goen, sou d'Historikerin.

Entweder "Exit" oder "Voice"

Am Ufank vum Krich hat déi russesch Bevëlkerung net vill Informatioune kritt an et war verbueden, vun engem Krich ze schwätzen. Mëttlerweil wéissten d'Leit awer, wat lass ass. E Widderstand a Russland wär aktuell net ze spieren. Do géif een extrem gutt dogéint virgoen. Zum Beispill mat immens vill Suen a Kompensatiounen. Et wär "exit" oder "voice", also d'Land verloossen, wann een net zefridden ass, oder d'Stëmm erhiewen. Mä d'Russen hätte geléiert, hir Meenung net ze soen. An et wär och bequeem, de Krich als eppes ze gesinn, dat am Ausland wier an een net géif concernéieren.
Wat ee generell géif spieren, och hei zu Lëtzebuerg, wier eng éischter onfrëndlech Haltung géintiwwer Russen, zanter dem Krichsufank. Dat wier eppes, woumat déi russesch Propaganda och gäre spillt. Eng richteg Russe-Phobie géif d'Fuerscherin awer net gesinn.

Invité vun der Redaktioun: Inna Ganschow

Kooperatioun tëscht Ukrainer, Lëtzebuerger a Russen

Op der Uni Lëtzebuerg hätt ee mam "Luxembourg Ukrainian Research Network" (LURN) elo och eng Lëtzebuergesch-Ukrainesch Associatioun an d'Liewe geruff. Do géingen och Russe matschaffen. D'Leit géingen hir Kontakter zur Verfügung stellen, Virträg an Traininge fir d'Ukrainer halen. Dëst wier e Virbild, wéi et kéint funktionéieren, sou d'Historikerin vum C2DH op der Uni Lëtzebuerg

Invité vun der Redaktioun: Inna Ganschow

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.