Viru genee engem Joer huet Russland d'Ukrain iwwerfall. Mir hunn de Point mam Chef d'Etat major vun der Lëtzebuerger Arméi gemaach.
Et gëtt kee bloen Himmel, dat sot de Chef d'état major vun der Arméi, de Generol Steve Thull e Freideg de Moien als eisen Invité am Kontext vum 1. Joresdag vum Ukrain-Krich. Konkret Verhandlungsméiglechkeete gesäit de Generol zu dësem Ament net. D'Situatioun um Terrain wier fir den Ament zimmlech festgefuer. Den Ablack wieren d'Russen amgaangen, eng gréisser Géigenoffensive ze preparéieren. Duerfir wier d'Ukrain och weider op Ënnerstëtzung ugewisen. Keng Waffeliwwerunge méi géif d'Enn vun der Ukrain bedeiten. De Risiko vu verstäerkten Attacken am Kader vum Anniversaire gesäit de Generol net.
Wat hien impressionéiert, wier datt eng Arméi, déi zueleméisseg immens ënnerleeën ass, zanter engem Joer scho géint Russland Stand hält, sou eisen Invité. Dat géif weisen, wéi vill ee mat enger intakter Moral erreeche kéint. Nawell wier et ganz schwéier, datt d'Ukrain als klengt Land dëse Krich gewënnt.
Keng konkret Verhandlungsbereetschaft
De Chef d'état major ka fir den Ament keng wierklech Verhandlungsméiglechketeen en vue vun enger Wafferou oder Fridden erkennen. Duerfir misst een op béide Säiten eng Bereetschaft gesinn. Déi wier fir den Ablack net do. Virun allem well dem Wladimir Putin seng Positioun zanter dem leschte Joer am Hierscht iwwerhaapt net geännert hätt.
Och eng méiglech Vermëttlerroll vu China gesäit de Steve Thull als éischter schwiereg, well d'Chineese wuel net sou onparteiesch sinn, wéi se gäre virginn. Dem amerikanesche Geheimdéngscht no géif Peking driwwer nodenken, fir Russland Waffen ze liwweren. Fir ze vermëttelen, misst een op alle Fall neutral sinn.
Als klengt Land kënne mer der Demande vun der ukrainescher Arméi net nokommen
Lëtzebuerg huet der Ukrain zejoert militäreschen Equipement an Héicht vun am Ganze 74,4 Milliounen Euro zejoert geliwwert. Nieft Gefierer am Ufank hätt een duerno haaptsächlech Munitioun via d'Defense geliwwert. Den Arsenal vun der Lëtzebuerger Arméi wier nämlech séier erschöpft. Als klengt Land kéint een der grousser Demande vu Kiew natierlech net iwwerall nokommen, sou de Steve Thull. Et misst een einfach kucken, wat mat "eise bescheidene Moyenen", och beim Personal, iwwerhaapt méiglech ass.
Den Ament ass d'ukrainesch Arméi besonnesch op Fluchofwierrakéiten ugewisen.
Positiv bewäert de Chef d'état major d'Tatsaach, datt d'Europäer sech zesumme gedoen hunn, fir d'Ukrain z'ënnerstëtzen. Ouni deen Appui wier d'Land sécher iwwerrannt ginn. Fir e richteg decisive Schlag géifen d'Waffeliwwerunge bis ewell awer net duergoen. E groussen Defi wieren och d'Produktiounskapazitéite vun de Waffeproduzenten. Déi géifen den Ament bei wäitem net duergoen.
Startschoss fir Lëtzebuerger Nato-Missioun a Rumänien den 12. Mäerz
Den 12. Mäerz fänkt fir d'Lëtzebuerger Arméi eng nei international Missioun a Rumänien un. Fir d'Missioun eVA Rumänien gi 27 Zaldoten op d'Plaz geschéckt. Hir Aufgab ass et fir an den osteuropäeschen NATO-Länner Presenz ze weisen a sécherzestellen, datt Moskau "net op d'Iddi kënnt, fir de Fouss och nach op NATO-Territoire" ze setzen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.