Rassismus an Ofgrenzung am Grand-Duché waren de Sujet an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun" um Méindeg de Moien.
Rassentheorie, Kolonialismus a Sklaverei hunn dozou gefouert, dass déi schwaarz Hautfaarf stigmatiséiert gëtt an dat huet nach hautdesdaags seng Nowéien. Och hei am Land. Dat géife rezent Etude weisen. Dat sot d'Antónia Ganeto am RTL-Interview e Méindeg de Mueren. D'Spriecherin vum Finkapé, dem Lëtzebuerger Reseau vu Leit mat afrikanesche Racinnen, war Invitée vun der Redaktioun. Dat am Kontext vum Black History Month elo am Februar, wou op d'Geschicht an op d'Marginaliséierung vu Mënschen mat méi däischterer Hautfaarf opmierksam gemaach gëtt.
An enger Etüd iwwer Diskriminéierung vum Cefis (Centre d‘étude et de formation interculturelles et Sociales) a vum LISER vun zejoert konnten 3 vulnerabel Gruppen hei zu Lëtzebuerg erauskristalliséiert ginn, nämlech Portugisen, Moslemen an Leit mat schwaarzer Hautfaarf. 38 Prozent vun deene Sondéierten goufen Affer vu rassisteschem Verhalen op der Aarbechtsplaz, 37 Prozent op der Sich no enger neier Wunneng, 35 Prozent op der Sich no enger neier Aarbecht a 27 Prozent wärend dem schouleschen Parcours.
Diskriminatiounen ginn 2/3 vun der Zäit net gemellt
Net vill Leit géifen Diskriminatioune mellen. D'Experte schätzen, dass ronn 2/3 sech aus Angscht guer net mellen an och keng Plainte maachen, wa si Affer vu Rassismus ginn, sou d'Invitée. D'Diskriminéierung ka sech op ganz verstoppten Aart a Weis manifestéieren, och indirekt, an dofir wier et ganz schwéier juristesch Schrëtt z'entaméieren. D'Charge de la preuve wier ëmmer nees e Problem an esou Fäll. Et wier awer wichteg, dass sech d'Affer manifestéiert, fir an der Ëffentlechkeet doriwwer ze schwätzen an domat d'Gesellschaft ze sensibiliséieren. Et misst een net onbedéngt de Wee iwwer d'Geriichter fueren. Et wier nämlech och wichteg, dass déi Persoun, déi rassistescht Verhalen un den Dag geluecht huet, domat konfrontéiert gëtt a sech da bewosst gëtt, dass dat wat si gesot oder gemaach huet, een Impakt huet.
Den Anonymat promouvéiert den Online-Rassismus
Speziell den Anonymat an de sozialen Netzwierker géif dem Rassismus entgéint kommen, sou d'Antónia Ganeto vum Finkapé. 2020 wieren och d'Fäll vun Opruff zum Haass ëm 150 Prozent an d'Luucht gaangen, sou de CET, de Centre pour l‘égalité de traitement. Natierlech wier et einfach online d'Leit z'attackéieren, et wier och ganz heefeg, mee op et wierklech an d'Luucht geet, wier net gewëss, mengt d'Invitée. Schliisslech wieren d'Leit nämlech och méi sensibiliséiert an d'Medie géingen hir Aarbecht maachen.
De Finkapé fuerdert zanter méi laangem e Plan National de lutte contre le racisme an dee wier elo agelaut ginn. Zesumme mat aneren zoustännegen Associatioune géing een elo iwwer e méiglechen Inhalt diskutéieren. Wat fir d'Associatioun wichteg wier, wier dass déi Persounen, déi a Kontakt si mat der Gesellschaft, zum Beispill Sozialaarbechter, Juristen a Gemengenaarbechter sensibiliséiert ginn, an dass an de Schoulen iwwer Kolonialismus a Sklaverei obligatoresch geschwat gëtt.
Donieft fuerdert de Finkapé och d'Auslännerwalrecht fir d'Nationalwalen. Et wier wichteg d'Pluralitéit vun eisem Land an der Chamber erëmzespigelen. Et misst een all d'Bierger déi am Grand-Duché liewen a schaffen d'Chance gi mat ze wierken, mat ze gestalten a mat z'entscheeden, sou d'Antónia Ganeto.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.